
Fir d’Nummer 1 am Lëtzebuerger Karate leeft nach ëmmer sou munches schif an hirer Federatioun. D’Athletin hat virun e puer Deeg e Bréif un d’Federatioun geschriwwen an deem si verschidde Saachen ugeschwat huet, déi hirer Meenung eng gutt Zesummenaarbecht géife verhënneren. De Freideg de Moien huet d’FLK mam Raul Cuerva Mora en neien Head Coach virgestallt.
De President Fred Charlé huet déi nei Aarbechtsopdeelung vun den Trainer erkläert, iwwerdeems d’Jenny Warling deem géinteniwwer skeptesch ass a sech wënscht, datt an Zukunft neie Wand an d’Federatioun kënnt.
Jenny Warling: “Et brauch eng nei Ekipp an der Federatioun”
De President Fred Charlé erkläert, datt een als Federatioun iwwer Personell Ännerungen nogeduecht huet. Mam neie Mann als Head Coach hätt een déi richteg Persoun fir hei zu Lëtzebuerg fonnt. Hie wär net rosen iwwer dem Jenny säi Bréif, hätt sech awer iwwer e perséinlecht Gespréich gefreet, dat besonnesch well hie sengen Athlete ganz no géif stoen.
Fred Charlé: “Mam neie Coach hu mir eng optimal Léisung fir Lëtzebuerg fonnt”