Raul Cuerva MoraLëtzebuerger Karate-Federatioun stellt neien Head Coach vir

Tom Flammang
Am Karate zu Lëtzebuerg gëtt et dës Woch en neien Head Coach a Kritik vum Jenny Warling wéinst Rumeure ronderëm den Nationaltrainer.
© Lëtzebuerger Karate Federatioun

Lëtzebuerger Karate Federatioun stellt neien Head Coach vir

De Spuenier Raul Cuerva Mora fänkt de Méindeg 15. Dezember seng Missioun fir d’FLK un.

No villen interne Rumeuren an de leschte Wochen huet déi Lëtzebuerger Karate Federatioun e Freideg de Moie via Communiqué hiren neien Head Coach presentéiert. Den 29 Joer ale Spuenier kënnt vun Toledo, vun 2022 bis 2025 war hien Nationaltrainer vu Schweden. A senger perséinlecher sportlecher Karriär war de Spuenier am Top 15 vum World Ranking an der Kategorie -67KG.

Fannt hei den CV vum Raul Cuerva Mora.

Kritik vum Jenny Warling

Dës Woch hat d’Nummer 1 am Lëtzebuerger Karate, d’Jenny Warling, an engem Schreiwes un d’Federatioun op verschidde Problemer opmierksam gemaach. Ënner anerem hat si drop higewisen, datt d’Rumeure ronderëm ëm eng eventuell Entloossung vum Nationaltrainer Raphael Veras a sengem Assistent Michaël Lecaplain negativ Auswierkungen op déi ganz Ekipp gehat hätten, an dat Stëmmung deementspriechend bedréckend gewiescht wier. Si selwer hätt sech zum Deel mat verantwortlech fir d’Schicksal vum Trainer Staff gefillt. Op der Weltmeeschterschaft zu Kairo am November war d’Jenny Warling fréi eliminéiert ginn. Hir Virbereedung op des Kompetitioun war hir selwer no gutt, si hätt deemools net hire beschten Dag erwëscht.

Wéi et an Zukunft mat dem Raphael Veras a sengem Assistent Michaël Lecaplain bei der Federatioun weider geet, dat war net am Communiqué preziséiert.


D'Schreiwes vun der Lëtzebuerger Karate Federatioun.

Back to Top
CIM LOGO