
No der däitlecher 21:37-Defaite am Allersmatch um Samschdeg haten d’Käerjenger Dammen um Sonndeg eng praktesch onméiglech Aufgab virun der Broscht.
Och am Retourmatch vum 3. Tour, deen och zu Käerjeng gespillt gouf, waren d’Damme vu Käerjeng der Formatioun aus der Tschecher Republik ënnerleeën. Um Enn gouf et no enger kämpferescher Leeschtung eng 19:25-Defaite a soumat verpasse si dann och d’Qualifikatioun.
An der Ufanksphas vum Match waren d’Damme vum HB Käerjeng gutt an de Match koum a konnten den Damme vu Prag ëmmer erëm Schwieregkeete bereeden. Anescht wéi am Allersmatch hu sech d’Damme vun Käerjeng am Retourmatch net vun der Vitess vun de Gäscht iwwerrasche gelooss an hu ganz disziplinéiert verdeedegt. No 7 Minutten war de Lëtzebuerger Vertrieder géint de Favorit 3:2 vir.
Duerno sinn d’Gäscht méi staark ginn a sou stoung et an der 17. Minutt 5:5 gläich. Bis zu Halbzeit sinn d’Lëtzebuergerinnen dunn och a Réckstand geroden a sou goung et mat engem 10:15-Retard an d’Paus
An der zweeter Hallschent war et eng ausgeglache Partie, Käerjeng war nach eng Kéier op zwee Punkten erukomm, dëst beim Stand vu 16:18 aus Lëtzebuerger Sicht, ma um Enn sollt et awer net duergoen. No enger Stonn goung d’Partie mat 19:25 op en Enn an domat ass Käerjeng, déi sech am Retourmatch gutt aus der Affär erausgezunn haten, am 3. Tour ausgescheet.
Trotz dem gudden Asaz vun de Lëtzebuerger Spillerinne konnte si den Ecart wuel méi kleng hale, wéi nach am Allersmatch, ma um Enn waren d’Spillerinne vu Prag einfach iwwerleeën.