
Wolverhampton - Aston Villa 0:1
0:1 El-Ghazi (90+4')
Manchester United - Manchester City 0:0
No der batterer Eliminatioun an der Champions League stoung fir Manchester United e Samschdeg den Derby géint de Stadrivalen um Programm. D’Red Devils hunn net vill zougelooss, ma och Manchester City huet sech konzentréiert gewisen, sou dass et mat engem 0:0 an d’Paus gaangen ass.
Och am zweeten Duerchgang huet sech um Bild vum Match net vill geännert. Béid Ekippe stounge gutt, ManUnited hat méi Ballbesëtz, ma déi richteg gutt Chancen op d’Féierung hu gefeelt. No 90 Minutten ass de Match ouni grouss Héichpunkten op en Enn gaangen a sou deele sech Manchester United a City d’Punkten am Derby.
Everton - Chelsea 1:0
1:0 Sigurdsson (22')
D’Blues hu sech an den éischte Minutte schwéier gedoen an Everton hat dowéinst méi vum Match. No ronn 20 Minutten ass et dann en Eelefmeter fir d’Haushäre ginn, nodeems de Golkipp vun Chelsea de Calvert-Lewin ouni grouss Nout am Strofraum vun de Been geholl huet. De Sigurdsson huet seng Nerve vum Punkt behalen an d’Lokalekipp domat a Féierung bruecht. Réischt nom Géigegol ass Chelsea da besser an de Match komm a konnt sou offensiv zu méi geféierlechen Aktioune fannen. Mat enger 1:0-Féierung fir Everton ass et dann awer no 45 Minutten an d’Vestiairë gaangen.
No der Paus haten d’Gäscht dann offensiv nees Problemer fir sech gutt Chancen erauszespillen. Everton huet e gudde Match gemaach a war dem 2:0 däitlech méi no wéi Chelsea et dem Ausgläich war. Och d’Wiessel vun de Blues konnten näischt méi bewierken a sou wënnt Everton de Match um Enn mat 1:0.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
FC Turin - Udinese 2:3
0:1 Pussetto (24'), 0:2 De Paul (54'), 1:2 Belotti (64'), 2:2 Bonazzoli (67'), 2:3 Nestorovski (69')
Lazio Roum - Verona 1:2
0:1 Lazzari (45'), 1:1 Caicedo (56'), 1:2 Tameze (67')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Marseille - Monaco 2:1
1:0 Thauvin (5'), 2:0 Benedetto (13'), 2:1 Ben Yedder (79')
Marseille huet immens gutt an de Match fonnt a louch scho 5 Minutten nom Ustouss a Féierung. No enger Flank vum Benedetto stoung den Thauvin um zweete Potto, wou den Thauvin just nach de Kapp dohin hale misst. E puer Minutte méi spéit stoungen déi zwee selwecht Spiller dann eng weider Kéier am Mëttelpunkt. Den Thauvin huet de Ball geféierlech an d’Mëtt bruecht, wou de Benedetto aus kuerzer Distanz op 2:0 stelle konnt. Géint Enn vun der éischter Hallschent ass Monaco besser ginn, krut virun der Paus awer net den Uschlossgol geschoss.
Nom Säitewiessel krut e Spiller vu Marseille de Ball am Strofraum widdert d’Hand, trotz de Fuerderunge vun de Monegassen ass och nom Asaz vum Videoarbitter net op Eelefmeter entscheet ginn. Am weidere Spillverlaf haten d’Gäscht liicht méi vum Match a sou ass och de Gol zum 1:2 gefall. De Ben Yedder konnt mat engem platzéierte Schoss an de lénken Eck fir Monaco verkierzen, de Gol an der 80. Spillminutt ass awer ze spéit komm fir nach ee Punkt mat Heem ze huelen. Um Enn steet sou eng 2:1-Victoire fir d’Lokalekipp, déi sech duerch eng staark Ufanksphas déi dräi Punkte séchert.
Lens - Montpellier 2:3
0:1 Mavididi (16'), 0:2 Pedro Mendes (26'), 1:2 Omlin (36'), 2:2 Kakuta (50'), 2:3 Laborde (69')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Valencia - Athletic Bilbao 2:2
1:0 Soler (26'), 1:1 Villalibre (55'), 1:2 Garcia (79'), 2:2 Vallejo (83')
Getafe - FC Sevilla 0:1
0:1 Etxeita (81')
An enger schwaacher éischter Hallschent hat Sevilla zwar méi Ballbesëtz, konnt domat awer näischt guddes ufänken. Ouni Goler ass et zu Getafe an d’Paus gaangen.
Am zweeten Duerchgang si béid Ekippen dann zu méi offensiven Aktioune komm a sou sollt et dann nach spéit zu engem Gol kommen. De Xabier Etxeita wollt de Ball no enger Flank klären, huet de Ball dobäi awer onglécklech mam Kapp an den eegene Gol geschoss. Zum Schluss geet dat fir Sevilla duer fir mat 3 Punkten am Rucksak zréck Heem ze fueren.
Real Madrid - Atlético Madrid 2:0
1:0 Casemiro (15'), 2:0 Oblak (63')
An der Ufanksphas huet een um Terrain eng immens aktiv an engagéiert Ekipp vu Real gesinn, déi gutt an den Derby géint Atlético gestart ass. An der 15. Minutt huet e Corner vum Kroos de Casemiro an der Mëtt fonnt, deen aus kuerzer Distanz mam Kapp op 1:0 stelle konnt. Am weidere Spillverlaf haten déi Kinneklech déi komplett Kontroll iwwert de Match, vun Atlético ass no vir sou gutt wéi näischt komm. Mat enger méi wéi verdéngter Féierung ass sou déi éischt Hallschent op en Enn gaangen, an där d’Gäscht kee Schoss op de géigneresche Gol ze verzeechnen haten.
No der Paus war de Ball weiderhin am Besëtz vun der Lokalekipp, déi an der 63. Minutt op 2:0 erhéije konnt. De Carvajal huet sech aus der Distanz en Häerz geholl, vum Potto huet de Ball de Réck vum Golkipp getraff an ass sou an de Gol gerullt. Ofgesinn dovun dass den 2:0 zimlech glécklech gefall ass, war d’Féierung an där Héicht trotzdeem an der Rei. Vun Atlético ass ze wéineg komm fir nach de Réckstand opzehuelen a sou entscheet Real den Derby zum Schluss verdéngt mat 2:0 fir sech.