BundesligaStuttgart wënnt 5:1 zu Dortmund, Union a Bayern spille gläich

RTL Lëtzebuerg
Fir Dortmund ass et am Match géint Stuttgart näischt ze huele ginn a Leipzig huet sech géint Bremen mat enger 2:0-Victoire duerchgesat.

E Samschdeg war et an der Bundesliga d’Suite vum 11. Spilldag, nodeems sech Wolfsburg e Freideg den Owend mat 2:1 géint Frankfurt behaapte konnt.

Stuttgart léisst Dortmund bei enger klorer 5:1-Victoire keng Chance, Leipzig wënnt mat 2:0 géint Bremen a tëscht Gladbach an Hertha gëtt et kee Gewënner. Dës Weideren hu Köln a Freiburg 3 wichteg Punkte gesammelt. Am Owesmatch hu sech Union Berlin a Bayern d’Punkte mat engem 1:1 gedeelt.

11. Spilldag vun der Futtball-Bundesliga

Union Berlin - Bayern 1:1
1:0 Prömel (4')

Union ass géint den däitsche Rekordmeeschter de perfekte Start an de Match gelongen. D’Lokalekipp huet sech vun Ufank un an der géignerescher Hallschent niddergelooss an d’Gäscht ënner Drock gesat. An der 4. Minutt huet sech de Prömel no engem Corner am Loftduell duerchgesat a mam Kapp op 1:0 fir Union gestallt. Och an den nächste Minutten ass Bayern net zum Zuch komm a sou ass et fir d’Haushären duerch den Awoniyi an Ingvartsen zu weidere gudde Golchancë komm. Zum Enn vun den éischte 45 Minutten konnt de Gaascht da méi matspillen, alles an allem war dat awer ze wéineg fir e Gol ze schéissen.

An der zweeter Hallschent war de Ball zum gréissten Deel an de Reihe vun de Bayern, ma Union ass ëmmer nees duerch Konter geféierlech ginn. Ronn 20 Minutte viru Schluss konnt sech de Coman géint zwee Spiller op der Säit duerchsetzen an an der Mëtt war de Lewandowski do, fir de Ball mat engem stramme Schoss am Gol ënnerzebréngen. An de leschte Minutte wollten d’Bayern elo natierlech d’Victoire kloer maachen a sou hu sie d’Unioner Ekipp ëmmer méi ënner Drock gesat. Bis zum Schluss sollt awer kee weidere Gol méi falen a sou ass et beim 1:1 bliwwen, dee sech d’Haushären duerch eng couragéiert Leeschtung och verdéngt hunn.

Dortmund - Stuttgart 1:5
0:1 Wamangituka (27'), 1:1 Reyna (39'), 1:2 Wamangituka (53'), 1:3 Förster (60'), 1:4 Coulibaly (63'), 1:5 Gonzalez (90+1')

Stuttgart huet e gudde Start an de Match erwëscht, Dortmund fréi ënner Drock gesat an ass sou no 27 Minutten a Féierung gaangen. Den Can war dem Klimowicz am Strofraum hannen an d’Been gerutscht, sou dass den Arbitter keng aner Méiglechkeet hat wéi op Eelefmeter ze entscheeden. De Wamangituka ass ugelaf an huet de Ball äiskal am Gol ënnerbruecht. Stuttgart huet de Match bestëmmt, trotzdeem ass Dortmund e bëssen iwwerraschend den Ausgläich gelongen. De Reyna huet dem Golkipp keng Chance gelooss a sou ass et mat engem glécklechen 1:1 an d’Paus gaangen.

Nom Säitewiessel huet sech Dortmund da besser gewisen, ma an der 53. Minutt konnt de Wamangituka mat sengem zweete Gol vum Dag op 2:1 fir Stuttgart stellen. D’Lokalekipp huet elo komplett de Fuedem zum Match verluer, dat well d’Gäscht opgedréint hunn. No zwee weidere Goler vum Förster a Coulibaly stoung et bannent 3 Minutten 4:1 aus der Siicht vun de Stuttgarter. Domat war d’Partie sou gutt wéi entscheet; Stuttgart konnt sech op déi defensiv Aarbecht konzentréieren an déi ugeschloen Dortmunder hu keng Léisung fonnt, fir nach un den Uschlossgol ze kommen. Kuerz viru Schluss ass dem agewiesselte Gonzalez da souguer nach de 5:1 gelongen a sou steet um Enn eng méi wéi verdéngt 5:1-Victoire fir d’Gäscht.

Leipzig - Bremen 2:0
1:0 Sabitzer, 2:0 Dani Olmo (41')

D’Gäscht aus Bremen hunn an den éischte Minutte mat enger konzentréierter Leeschtung net vill zougelooss, konnte mat der Zäit awer d’Leipziger net méi zréckhalen. D’Lokalekipp ass ëmmer méi geféierlech ginn an no 26 Minutten stoung et dann och 1:0. Nodeems den Augustinsson de Poulsen mam Aarm am Gesiicht getraff huet, konnt de Sabitzer Leipzig per Eelefmeter a Féierung bréngen. Kuerz virun der Paus hunn d’Haushären dann eng weider Kéier hir individuell Klass gewisen, wéi den Dani Olmo säi Géigespiller stoegelooss, a mat sengem Schoss op 2:0 erhéicht huet.

An der zweeter Hallschent huet sech de Match da berouegt, Bremen hat et schwéier géint eng Leipziger Ekipp, déi hanne sou gutt wéi näischt zougelooss huet. Bis zum Schluss huet sech um Spillstand näischt méi geännert a sou wënnt Leipzig mat 2:0 géint Bremen.

Gladbach - Hertha 1:1
0:1 Guendouzi (47'), 1:1 Embolo (70')

An engem schwaachen éischten Duerchgang huet ee vu béiden Ekippen net all ze vill offensiv Aktioune gesinn. Souwuel Gladbach wéi och Hertha hate jeeweils eng gutt Chance Opweises, mat engem 0:0 ass et awer no 45 Minutten an d’Vestiairë gaangen.

Nom Säitewiessel huet den éischte Gol dann net laang op sech waarde gelooss. No engem Zouspill vum Darida war et de Guendouzi, dee mat engem schéine Schoss an de Wénkel op 1:0 fir d’Hertha stelle konnt. Gladbach wollt dat awer net op sech sëtze loossen an huet den Drock doropshin erhéicht. 20 Minutte viru Schluss hu sech d’Beméiungen da bezuelt gemaach, wéi den Embolo aus kuerzer Distanz zum 1:1 ausgläiche konnt. D’Haushäre waren déi besser Ekipp an am Verglach zu de Gäscht huet ee gemierkt, dass Gladbach déi 3 Punkte fir sech séchere wollt. Trotz de Beméiungen an der zweeter Hallschent ass et um Enn beim 1:1 bliwwen.

Freiburg - Bielefeld 2:0
1:0 Grifo (79'), 2:0 Jeong (90+2')

Mainz - Köln 0:1
0:1 Rexhbecaj (55')

Hei fannt Dir den Iwwerbléck vum weideren internationale FuttballKlickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

Freideg den Owend

Back to Top
CIM LOGO