
Et waren och e puer Lëtzebuerger Futtballer am Ausland am Asaz. Dem Laurent Jans ass hei e Gol fir seng Ekipp Standard Léck gegléckt.
RB Leipzig (1. Bundesliga) - VfL Bochum (2. Bundesliga) 4:0
1:0 Haidara (11'), 2:0 Sabitzer (45+1', Eelefmeter), 3:0 Poulsen (66'), 4:0 Poulsen (75')
Den RB Leipzig däerf weider vun der éischter Victoire am DFB-Pokal dreemen. Duerch Goler vum Haidara, Sabitzer a Poulsen huet ee sech souverän mat 4:0 géint de VfL Bochum aus der 2. Bundesliga duerchgesat. Nom Out vu Bayern München a Bayer Leverkusen zielt Leipzig zu de grousse Favoritten an der däitscher Coupe. Fir déi éischte Victoire an der Veräinsgeschicht feelen elo nëmmen nach dräi Victoiren.
VfL Wolfsburg (1. Bundesliga) - FC Schalke 04 (1. Bundesliga) 1:0
1:0 Weghorst (40')
Jahn Regensburg (2. Bundesliga) - 1. FC Köln (1. Bundesliga) 6:5 n.E. (2:2)
0:1 Jakobs (4'), 0:2 Dennis (22'), 1:2 Kennedy (35'), 2:2 George (44')
VfB Stuttgart (1. Bundesliga) - Borussia Mönchengladbach (1. Bundesliga) 1:2
1:0 Wamangituka (2'), 1:1 Thuram (45+1'), 1:2 Pléa (50')
FC Burnley - Manchester City 0:2
0:1 Gabriel Jesus (3'), 0:2 Sterling (38')
De Leader an der Premier League Manchester City huet zu Burnley déi 13. Victoire an engem offizielle Match noenee gefeiert. Géint d’Clarets sinn de Skyblues zwou gutt Zeenen duergaangen. Schonn an der 3. Minutt hat de Gabriel Jesus d’Gäscht mat 1:0 a Féierung bruecht. Fir 2:0-Schlussresultat hat de Sterling an der 38. Minutt gesuergt. An der Tabell steet ManCity un der Spëtzt. Si hu mat engem Match méi 3 Punkten Avance op Manchester United.
FC Fulham - Leicester City 0:2
0:1 Iheanacho (17'), 0:2 Justin (44')
FC Liverpool - Brighton & Hove Albion 0:1
0:1 Alzate (56')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
FC Metz - HSC Montpellier 1:1
1:0 Sarr (47'), 1:1 Laborde (70')
Fir den FC Metz gouf et um 23. Spilldag an der Ligue 1 ee Punkt géint Montpellier. Fir Metz war et dee sechste Match ouni Néierlag.
De ganze Resümmee vun der Partie kënnt Dir bei de Kolleege vum RTL 5minutes noliesen.
Girondins Bordeaux - OSC Lille 0:3
0:1 Yazici (54'), 0:2 Weah (66'), 0:3 David (89')
Lille bleift weiderhin op der 1. Plaz an der Tabell vum franséische Championnat, dat no enger souveräner 3:0-Victoire zu Bordeaux. D’Gäscht hunn den Ënnerscheed awer eréischt an den zweete 45 Minutte gemaach. An der 54. Minutt hat de Yazici mam 1:0 den Ufank gemaach. 12 Minutte méi spéit hat de Weah op 2:0 gesat, ier den David mam 3:0 an der 89. Minutt fir d’Schlussresultat gesuergt hat.
Dijon - Olympique Lyon 0:1
0:1 Paqueta (22')
PSG - Olympique Nîmes 3:0
1:0 Di Maria (18'), 2:0 Sarabia (36'), 3:0 Mbappé (68')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga