
De Gol fir Kreta hat de Sardinero an der 12. Minutt markéiert, ma scho 7 Minutte méi spéit koum den Ausgläich duerch den Douvikas. Well Kreta am Allersmatch awer 0:2 verluer hat, si si an der Coupe eliminéiert.
E gelongenen Owend war et e Mëttwoch fir de Laurent Jans. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet mat senger Ekipp Standard Léck 4:1 beim Noper RFC Seraing gewonnen a sech fir d’Aachtelsfinalle vun der Coupe an der Belsch qualifizéiert. Fir de Kapitän vun der Lëtzebuerger Nationalekipp war et zanter Wochen emol nees en Asaz vun Ufank un.
Bei ganz schwieregen Terrainskonditiounen hat de Bokadi de Standard schonn an der 3. Minutt mat 1:0 a Féierung bruecht. An der 38. Minutt huet dunn de Lëtzebuerger op 2:0 gesat. No der Paus huet de Klauss mam 3:0 fir d’Virentscheedung gesuergt. Kuerz viru Schluss konnt d’Lokalekipp nach op 1:3 verkierzen, ma un der Victoire vum Standard sollt sech näischt méi änneren. De Muelka huet an der Nospillzäit mam 4:1 fir d’Schlussresultat gesuergt. De Jans stoung déi 90 Minutten iwwer um Terrain.
Keng Ronn weider an der belscher Coupe ass iwwerdeems Waasland-Beveren, dat no enger 2:3-Dfaite géint Ostende. Den Danel Sinani stoung an der Startformatioun a gouf an der 85. Minutt ausgewiesselt.
An der Schwäiz waren iwwerdeems d’Young Boys Bern am Asaz. Um 18. Spilldag huet ee mat 4:1 beim FC Zürich gewonnen. Bern bleift souverän un der Tabellespëtzt dat mat 38 Punkten. Den FC Basel op der 2 huet 27 Punkten. De Christopher Martins huet bei Bern weiderhi wéinst enger Blessur gefeelt.
Den Anthony Moris steet mat Royale Union St. Gilloise an der Belscher Coupe am nächsten Tour. 2:1 konnt sech d’Ekipp vum Lëtzebuerger Schlussmann um Enn géint Mouscron duerchsetzen.
Dobäi hat et fir den Nationalgolkipp a seng Faarwen net gutt ugefaangen. An der 30. Minutt nämlech huet de Moris missten hannert sech gräifen, dat no engem Gol vum Bakic. De Recht vum Match awer huet de Roude Léiw säi Gol propper gehalen an duerch Goler vum Vanzeir an der 81. Minutt an dem Nielsen an der Nospillzäit konnte si de Match géint Mouscron nach dréinen. Domadder steet d’Ekipp vum FLF-Nationalspiller elo an der Aachtelsfinall vun der belscher Coupe.