Champions LeagueLeipzig klappt ManUnited mat 3:2, Kiew mam Rodrigues an der Europa League

RTL Lëtzebuerg
Trotz enger komfortabler Féierung ass et fir Leipzig um Enn nach eng Kéier enk ginn, steet duerch déi Victoire awer an der Aachtelsfinall.

Am Grupp E huet sech Chelsea no engem 1:1 géint Krasnodar déi éischt Plaz geséchert an zitt sou mam FC Sevilla, deen den Zweete ginn ass, an d’K.O.-Phas an. Krasnodar huet et mat der 3. Plaz an d’Europa League gepackt a Rennes schléisst d’Champions-League-Campagne mat engem Punkt op der 4. Plaz of.

Nodeems Dortmund de Match géint Zenit dréine konnt, hu si sech d’Victoire am Grupp F geholl a stinn sou mat Lazio an den Aachtelsfinallen. Club Bruges steet no engem Remis an der Europa League.

Am Grupp G ass et bei Juventus a Barcelona ëm d’Gruppevictoire gaangen, déi sech d’Bianconeri duerch eng 3:0-Victoire séchere konnt. Dynamo Kiew schléisst de Grupp mam Gerson Rordrigues no enger Victoire géint Ferencvaros op der 3. Plaz of a spillt sou an der Europa League weider.

Wéi et am Grupp H schlussendlech ausgesäit ass de Moment nach net gewosst, nodeems de Match tëscht PSG a Basaksehir op Grond vun engem Rassismus-Eclat ënnerbrach gouf. Am anere Match vum Grupp konnt sech Leipzig géint Manchester United duerchsetzen.

Champions League / De Resumé vum Jeff Kettenmeyer

Grupp H

RB Leipzig - Manchester United 3:2
1:0 Angelino (2'), 2:0 Haidara (13'), 3:0 Kluivert (69'), 3:1 Bruno Fernandes (80'), 3:2 Pogba (82')

Leipzig huet net laang ofgewaart an ass mat der éischter richteger Chance och direkt a Féierung gaangen. De Sabitzer konnt sech op der rietser Säit duerchsetzen a mat senger Flank huet hien den Angelino fonnt, deen de Ball äiskal am Gol ënnerbrénge konnt.

Den 1:0 fir Leipzig duerch den Angelino
No enger Flank vum Sabitzer konnt de Spuenier Leipzig fréi a Féierung bréngen.

Leipzig war déi kloer besser Ekipp, huet Manchester United sou gutt wéi net zum Zuch komme gelooss a konnt an der 13. Minutt eng weider kéier zouschloen. Den Angelino huet de Ball mat enger Flank op den Haidara bruecht, dee per Volley op 2:0 fir d’Lokalekipp erhéije konnt.

Den 2:0 fir Leipzig duerch den Haidara
Den Haidara konnt per Volley op 2:0 erhéijen.

D’Gäscht hu weiderhin net an de Match fonnt a sou louch de Ball no enger hallwer Stonn eng drëtte Kéier am Gol vu United. Den Orban stoung dobäi awer am Abseits a sou ass et nom Asaz vum Videoarbitter beim 2:0 fir Leipzig bliwwen. D’Ekipp vu Manchester huet sech elo besser gewiert, konnt trotz méi Ballbesëtz awer net all ze geféierlech virun de géigneresche Gol kommen. Mat enger verdéngter 2:0-Féierung fir d’Haushären ass et also an d’Paus gaangen.

De Resumé vun der 1. Hallschent
No 45 Minutten ass Leipzig mat enger verdéngter Féierung an d’Paus gaangen.

Manchester United war elo natierlech gefuerdert an ass deementspriechend och engagéiert aus de Vestiairë komm. Leipzig konnt awer gutt dergéinthalen an de Géigner gréisstendeels op Distanz vum eegene Gol loossen. An der 69. Minutt war et dann nees den Angelino, deen de Ball an d’Mëtt bruecht huet. Dës Kéier stoung de Kluivert op der richteger Plaz a sou huet den Hollänner mam Gol zum 3:0 de Match sou gutt wéi entscheet.

Den 3:0 fir Leipzig duerch de Kluivert
Mam Gol zum 3:0 war de Match sou gutt wéi entscheet.

Manchester United huet awer nach net opginn a sou hu si den Tempo nach eng kéier erhéicht. An der 80. Minutt konnt de Bruno Fernandes dann duerch en Eelefmeter op 1:3 verkierzen.

Den 1:3 fir Manchester United duerch de Bruno Fernandes
De Bruno Fernandes konnt 10 Minutte viru Schluss op 1:3 verkierzen.

Nëmmen 2 Minutte méi spéit konnt de Pogba dann eng weider Kéier verkierzen a sou stoung Leipzig wéi aus dem Näischt op eemol ënner Drock.

Den 2:3 fir Manchester United duerch de Pogba
De Pogba huet de Match an der 82. Minutt nees spannend gemaach.

Ee weidere Gol géif heeschen, dass d’Haushären net an den Aachtelsfinalle stoe géifen. Bis zum Schluss hu si dann hannen awer näischt méi zougelooss a sou bleift et um Enn bei der 3:2-Victoire fir Leipzig.

Déi bescht Zeenen aus der 2. Hallschent
Zum Schluss ass et zu Leipzig nach eng kéier spannend ginn.

PSG - Basaksehir (Ofgebrach)

De Resumé vum Match PSG - Basaksehir
De Match ass op Grond vu rassistesche Bemierkungen ofgebrach ginn.

No engem Rassismus-Eclat ass de Match tëscht PSG a Basaksehir ënnerbrach ginn.

Grupp E

Chelsea - Krasnodar 1:1
0:1 Cabella (24'), 1:1 Jorginho (28')

Rennes - FC Sevilla 1:3
0:1 Koundé (32'), 0:2 En-Nesyri (45+2'), 0:3 En-Nesyri (81'), 1:3 Rutter (86')

D'Resuméë vum Grupp E
Am Grupp E stinn Chelsea a Sevilla an den Aachtelsfinallen

Grupp F

Zenit - Dortmund 1:2
1:0 Driussi (16'), 1:1 Piszczek (68'), 1:2 Witsel (78')

Lazio Roum - Club Bruges 2:2
1:0 Correa (12'), 1:1 Vormer (15'), 2:1 Immobile (27'), 2:2 Vanaken (76')

D'Resuméë vum Grupp F
Am Grupp F huet Dortmund de Match gedréint a sech domat déi éischt Plaz geséchert.

Grupp G

FC Barcelona - Juventus 0:3
0:1 Ronaldo (13'), 0:2 McKennie (20'), 0:3 Ronaldo (52')

Dynamo Kiew - Ferencvaros 1:0
1:0 Popov (60')

D'Resuméë vum Grupp G
Duerch eng 3:0-Victoire huet sech Juventus am Grupp G déi éischt Plaz geséchert an den Gerson Rodrigues steet mat Dynamo Kiew an der Europa League.

All d’Resultater am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO