Éischt koum et op der Säitelinn vum Match zu Diskussiounen, nodeem de Co-Trainer vun den Tierken déi rout Kaart gesinn hat. Dunn hu sech ëmmer méi Offizieller a Spiller vu béiden Ekippen an d’Diskussioun agemëscht an no e puer Minutte si béid Ekippe vum Terrain gaangen.
Wéi et vun de Medien op der Plaz heescht, ass de Co-Trainer, de fréieren Nationalspiller aus dem Kamerun Pierre Webo, vun der tierkescher Ekipp vum véierten Offizielle rassistesch beleidegt a vum Arbitter wéinst Meckeren op d’Tribün geschéckt ginn. Weider heescht et, datt een d’Aussoe vum véierten Offiziellen och am Stadion héieren hätt.
Der “Equipe” no war de PSG kuerz virun 22 Auer bereet, nees unzefänken. Tierkesch Medien hate gemellt, datt Basaksehir esou laang net spille wéilt, bis de véierten Offiziellen ausgetosch wier. U sech war geplangt, datt de Match géint 22 Auer sollt weidergoen, ma och 45 Minutte méi spéit war de Parc des Prince weider eidel.
No 23 Auer huet d’Equipe gemellt, datt de Match, vun deem bal eng véierel Stonn gespillt war, op e Mëttwoch 18:55 Auer verluecht gi wier, wat kuerz drop och offiziell confirméiert gouf.
Ëm déi Auerzäit gëtt de Match bei 0:0 ugepaff, wéi et och nach en Dënschdeg stoung, ma et geet direkt an der 14. Minutt weider, well zu deem Zäitpunkt de Match ofgebrach gouf. Wéinst dem Eclat vun en Dënschdeg wäerten awer nei Onparteiescher untrieden. Dëst mam Hollänner Danny Makkelie a sengem Landsmann Mario Diks, ënnerstëtzt vun de Polen Marcin Boniek a Bartosz Frankowski, deen als véierten Offiziellen op Paräis reest. D’Video-Arbitter aus Italien Marco di Bello a Maurizio Mariani ginn net ausgetosch.