FrëndschaftslännermatchLëtzebuerg verléiert mat 0:1 géint de Katar

RTL Lëtzebuerg
Virum éischten offizielle WM-Qualifikatiounsmatch ass et fir d'Rout Léiwen no engem Géigegol an der 1. Hallschent näischt méi ze huele ginn.
© Screenshot

Weider Resultater vum Optakt vun der WM-Qualifikatioun fannt Dir hei.Virum Depart an d’Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft 2022 stoung fir d’Lëtzebuerger Futtballnationalekipp e Mëttwoch en Testmatch géint de Katar am ungareschen Debreczin um Programm.

FLF-Testmatch Cut Laurent Jans

Déi éischt schlecht Nouvelle fir d’FLF-Formatioun huet net laang op sech waarde gelooss. An der 7. Minutt huet sech de Mica Pinto an engem Zweekampf onglécklech um Been blesséiert, kuerz drop ass et fir de lénken Defenseur net méi weidergaangen.
E puer Minutte méi spéit ass et dem Katar da gelongen a Féierung ze goen. No engem Ballverloscht vum Lars Gerson ass et immens séier gaangen a sou hat de Muntari keng weider Problemer op 1:0 ze stellen.

Den 1:0 fir Katar duerch de Muntari
An der 12. Minutt ass de Katar no engem Ballverloscht vum Lars Gerson a Féierung gaangen

No enger schwéierer Ufanksphas mat villen offensiven Aktioune vum Katar, hunn och d’Rout Léiwen no an no de Wee virun de géigneresche Gol fonnt. Déi bescht Chance op den Ausgläich hat an der 32. Minutt de Sébastien Thill, dee mat engem Distanzschoss de Golkipp op d’Prouf gestallt huet.

Lëtzebuerg hat ëmmer méi Undeeler um Match a ronn 5 Minutte virun der Paus eng weider gutt Chance op den 1:1. No enger Flank vum Florian Bohnert huet de Maurice Deville mat engem Kappball awer nëmmen d’Lat getraff. Mat engem 0:1-Réckstand ass et also no 45 Minutten an d’ Vestiairë gaangen.

Déi bescht Zeenen aus der 1. Hallschent
Lëtzebuerg ass mat engem 0:1-Réckstand an d’Paus gaangen.

D’Lëtzebuerger Ekipp huet sech nom Säitewiessel weider engagéiert gewisen an op de Gol zum Ausgläich gedréckt. Allerdéngs ass et déi eng richteg geféierlech Occasioun net fir d’Rout Léiwe, ma fir de Katar ginn. De Pedro Miguel hat sech op der rietser Säit duerchgesat a mat sengem Schoss aus dem Strofraum d’Lat getraff. Mat der Zäit huet den Nationaltrainer Luc Holtz ëmmer méi Spiller agewiesselt, ma och déi konnten de Gol zum 1:1 net méi erzwéngen. Kuerz viru Schluss huet den agewiesselten Aldin Skenderovic nach déi Giel-Rout Kaart gesinn. Bis zum Schluss ass et bei der Féierung fir Katar bliwwen a sou muss sech Lëtzebuerg mat 0:1 geschloe ginn.

Déi bescht Zeenen aus der 2. Hallschent.
Am zweeten Duerchgang konnt Lëtzebuerg de Réckstand net méi ophuelen.

D’Géigner vun de Lëtzebuerger hunn hiren éischte Match am Grupp A da méi spéit am Owend gespillt. Fir Portugal ass et eng knapps Victoire géint den Aserbaidschan ginn a Serbien konnt sech mat 3:2 géint Irland duerchsetzen.

Portugal - Aserbaidschan 1:0
1:0 Medvedev (37')

Portugal ass als Favoritt an de Match gaangen a konnt dat och um Terrain weisen. D’Féierung kuerz virun der Paus ass zwar duerch e Selbstgol entstaanen, ma se war dem Spillverlaf no awer méi wéi verdéngt. Am zweeten Duerchgang huet d’Lokalekipp net ze vill riskéiert, ma den Aserbaidschan ass nëmme sielen zum Zuch a war am Spill no vir éischter ongeféierlech. Um Enn ass et beim Stand vun 1:0 bliwwen a sou wënnt Portugal den éischte Match vun der Qualifikatioun.

Serbien - Irland 3:2
0:1 Browne (18'), 1:1 Vlahovic (40'), 2:1 Mitrovic (68'), 3:1 Mitrovic (75'), 3:2 Collins (86')

Beim anere Match vum Lëtzebuerger Grupp waren d’Rolle virum Match net sou eendäiteg verdeelt. Irland ass gutt an de Match gestart an ass no knapps 20 Minutten dann och duerch e Gol vum Browne a Féierung gaangen. Bis zur Paus sollt dës Féierung awer net unhalen, dat well dem Vlahovic an der 40. Minutt den 1:1 gelongen ass. Den zweeten Duerchgang huet dann der Ekipp aus Serbien, méi genau gesot dem Mitrovic gehéiert. Duerch zwee Goler an der 68. an der 75. Minutt war de Match sou gutt wéi entscheet. Irland konnt zwar nach kuerz viru Schluss op 2:3 verkierzen, ma um Enn steet eng Victoire fir Serbien.

E Samschdeg steet dann den éischten offizielle Match fir Lëtzebuerg an der WM-Qualifikatioun un. D’Partie géint Irland gëtt och nees live op RTL ZWEE an am Stream op RTL.lu iwwerdroen.

Back to Top
CIM LOGO