WM-QualifikatiounRemis fir Frankräich, Belsch dréint de Match géint Wales

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch war den Optakt vun de Qualifikatiounsmatcher fir d'Futtballweltmeeschterschaft 2022 am Katar.

Am Frëndschaftslännermatch géint de Katar ass et fir Lëtzebuerg eng 0:1-Defaite ginn.Um 1. Spilldag huet Frankräich seng Féierung géint d’Ukrain verspillt, d’Belsch konnt sech géint Wales behaapten a fir d’Tierkei ass et zum Optakt eng Victoire iwwer Holland ginn. Iwwerdeems huet de Vize-Weltmeeschter Kroatien géint Slwoenien de Kierzere gezunn.

Grupp D

Frankräich - Ukrain 1:1
1:0 Griezmann (19'), 1:1 Sydorchuk (57')

Den aktuelle Weltmeeschter huet de Match vun Ufank u bestëmmt an ass sou och no 19 Minutten a Féierung gaangen. De Griezmann konnt sech op der Säit duerchsetzen an huet et da mol selwer probéiert. Mat engem schéine Schoss an de laangen Eck huet hien dem Golkipp keng Chance gelooss a Frankräich domat a Féierung bruecht. De Gol hätt allerdéngs net zielen dierfen, dat well de Pavard bei engem Zouspill kuerz virdrun am Abseits stoung. Well et awer kee Videoarbitter an de Qualifikatioune gëtt, huet dësen och net agegraff. Trotzdeem ass vun der Ukrain nëmme wéineg komm a sou sinn d’Fransouse mat enger verdéngter Féierung an d’Paus gaangen.

An der zweeter Hallschent hunn d’Gäscht da bësse wéi aus dem Näischt ausgeglach. De Sydorchuk gouf am Strofraum ugespillt, deem säi Schoss dann nach onhaltbar ofgefälscht ginn ass. Am weidere Spillverlaf hunn zemools d’Haushäre gutt Golchance vermësse gelooss. D’Ukrain huet mat enger konzentréierter Leeschtung näischt méi zougelooss a sou deele sech um Enn béid Ekippen d’Punkten.

Finnland - Bosnien Herzegowina 2:2
0:1 Pjanic (55'), 1:1 Pukki (58'), 2:1 Pukki (77'), 2:2 Stevanovic (84')

Grupp E

Belsch - Wales 3:1
0:1 Wilson (10'), 1:1 De Bruyne (22'), 2:1 Hazard (28'), 3:1 Lukaku (73')

No engem schéinen Zësummespill vun de Waliser stoung et no 10 Minutten duerch e Gol vum Wilson 1:0 fir d’Gäscht. D’Belsch krut sech vum fréie Réckschlag allerdéngs gutt gefaangen a konnt sou duerch den De Bruyne an den Hazard de Match bannent 6 Minutten dréinen. Fir de Rescht vun der éischter Hallschent huet Wales no vir net méi vill gewisen, sou dass et mat enger Féierung fir d’Lokalekipp an d’Paus gaangen ass.

Nom Säitewiessel war Wales da rëm besser am Match an huet offensiv méi Drock gemaach, wéi dat nach am éischten Duerchgang de Fall war. Déi gutt Phas vun de Gäscht ass dann awer an der 72. Minutt op en Enn gaangen, wéi et en Eelefmeter fir d’Belsch gouf. De Lukaku ass vum Punkt äiskal bliwwen a konnt domat op 3:1 erhéijen. Wales ass et net méi gelongen dëse Réckstand nees gutt ze maachen a sou setzt sech um Enn d’Ekipp aus der Belsch duerch.

Estland - Tschechien 2:6
1:0 Sappinen (12'), 1:1 Schick (18'), 1:2 Barak (27'), 1:3 Soucek (32'), 1:4 Soucek (43'), 1:5 Soucek (48'), 1:6 Jankto (56'), 2:6 Anier (86')

Grupp G

Tierkei - Holland 4:2
1:0 Yilmaz (15'), 2:0 Yilmaz (34'), 3:0 Calhanoglu, 3:1 Klaassen (75'), 3:2 de Jong, 4:2 Yilmaz (81')

D’Gäscht aus Holland ware vun Ufank un engagéiert an hunn de Géigner ënner Drock gesat. Allerdéngs ass den éischte Gol vum Match fir d’Tierkei gefall. De Schoss vum Yilmaz ass duerch den De Ligt ofgefälscht ginn a war dowéinst net ze hale fir den hollännesche Golkipp. Ronn 10 Minutte virun der Paus konnt den Yilmaz dann eng zweete kéier fir d’Tierkei markéieren, nodeems duerch e Feeler vum Malen am Strofraum op Eelefmeter entscheet ginn ass. Virum Enn vum éischten Duerchgang hat den De Ligt dann nach eng gutt Chance op 1:2 ze verkierzen, ma de Kappball vum hollänneschen Defenseur huet nëmmen de Potto getraff.

Nom Säitewiessel huet et dann net mol 30 Sekonne gedauert, bis den Calhanoglu op 3:0 erhéije konnt. Holland huet trotz dem kloere Réckstand weider probéiert an no 75 Minutten huet et dann och mam Gol geklappt. De Klaassen ass am Strofraum fräi zum Schoss komm a konnt sou op 3:1 verkierzen. De Gol zum 2:3 duerch den de Jong eng Minutt drop huet d’Partie dann nach eng kéier sou richteg spannend gemaach. Den Yilmaz hat awer nach net genuch a sou huet hie mat sengem drëtte Gol vum Match an der 81. Minutt den Deckel drop gemaach. Um Enn wënnt d’Tierkei also mat 4:2 géint Holland.

Gibraltar - Norwegen 0:3
0:1 Sörloth (43'), 0:2 Thorstvedt (45'), 0:3 Svensson (57')

Lettland - Montenegro 1:2
1:0 Ikaunieks (40'), 1:1 Jovetic (41'), 1:2 Jovetic (83')

Grupp H

Zypern - Slowakei 0:0

Malta - Russland 1:3
0:1 Dzyuba (23'), 0:2 Mario Fernandes (35'), 1:2 Mbong (56'), 1:3 Sobolev (89')

Slowenien - Kroatien 1:0
1:0 Lovric (15')

Back to Top
CIM LOGO