WM-QualifikatiounLëtzebuerg wënnt no staarker Leeschtung mat 1:0 an Irland

RTL Lëtzebuerg
No enger staarker Leeschtung ka sech Lëtzebuerg am éischte Match vun der WM-Qualifikatioun mat 1:0 géint Irland duerchsetzen.
WM-Qualifikatioun: Lëtzebuerg klappt Irland
Mat engem 1:0 hu sech déi rout Léiwen an Irland duerchgesat.
De Resumé vum Match Irland-Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend huet sech Lëtzebuerg mat 1:0 géint Irland duerchgesat.

Lëtzebuerg huet géint Irland e gudde Match gewisen a konnten d’Iren gréisstendeels a Schach halen. Vill Chancen hu se net zougelooss a selwer haten se och e puer Chancen op e Gol. Eng vun dëse konnten se an der 86. Minutt dann och notzen. Aus 25 Meter huet de Rodrigues säin Häerz an d’Hand geholl, huet ofgezunn an de Ball ass am lénksen Eck ageschloen. Um Enn ka Lëtzebuerg verdéngt mat 1:0 gewannen. Dat sinn déi éischt 3 Punkten am éischte Match vun der WM-Qualifikatioun.

Am Grupp A vun de Lëtzebuerger hu sech nach Serbien a Portugal mat engem 2:2-Remis getrennt. Am Frëndschaftsmatch tëscht dem Katar an dem Aserbaidjan gouf et een 2:1.

Serbien - Portugal 2:2
Obwuel Portugal mat 2:0 a Féierung louch, hu si sech missen mat engem 2:2 zefridde ginn.

An der Tabell hu Serbien a Portugal no zwee Matcher véier Punkten an d’Rout Léiwe kommen op dräi Punkten.

D’Resultater vun de Matcher aus den anere Gruppen fannt der hei.

Reaktioune vun de Lëtzebuerger

Reaktiounen vun de Lëtzebuerger
Am Interview stoungen de Gerson Rodrigues, de Luc Holtz an de Christopher Martins dem Jeff Kettenmeyer Ried an Äntwert.

De Resumé vum Match Irland - Lëtzebuerg

D’Lëtzebuerger si richteg gutt an de Match komm a ware vun Ufank u gëfteg an den Zweekämpf. An den éischten 10 Minutten sinn se och zu 2 Ofschlëss komm an dat duerch 2 Distanzschëss vum Vincent Thill.

An der 18. Minutt gouf et dann déi éischt 100% Chance fir Irland duerch de Collins. Vu lénks koum eng schaarf Flank flaach an d’Mëtt op de Collins deen de Ball aus wéinege Meter op de Gol schéisst mee de Moris konnt de Ball mat enger super Parade paréieren.

Dono stoungen d’Roud Léiwen awer rëm gutt an der Defense an hu gutt am Kollektiv verdeedegt sou dat d’Iren zu quasi kenge Chancë koumen. Allerdéngs haten sech och d’Lëtzebuerger offensiv schwéier gedoen. An der 42. Minutt krut de Rodrigues de Ball op 40 Meter zougespillt, dësen huet gesinn dat de Buzunu ze wäit virum Gol stoung an huet et mat engem exzellente Lob probéiert mee de Buzunu koum nach sou just un de Ball an huet den 1:0 fir Lëtzebuerg evitéiert.

Bescht Zeenen vun der 1. Hallschent
No enger éischter Hallschent ouni vill Golchancen ass et mat engem 0:0 an d’Paus gaangen.

No der Paus ass de Match esou weider gaangen wéi en opgehalen hat. Et war keen immens héijen Tempo an der Partie an d’Lëtzebuerger hu weider e ganz gudden an defensiv opmierksame Match gemaach. An der 62. Minutt dann bal d’Féierung fir Lëtzebuerg. De Vincent Thill huet sech gutt duerchgesat a konnt ofschléissen mee de Bazunu konnt paréieren.

Och dono hunn d’Iren et net gepackt fir Vitesse an de Match ze kréien sou dat weider net vill Gefor vun hinnen ausgaangen ass. An der 86. Minutt konnt Lëtzebuerg dann tatsächlech a Féierung goen. No engem laange Ball no vir koum dëse bei de Rodrigues, deen huet sech aus 25 Meter en Häerz geholl an de Ball ass flaach a perfekt am lénksen Eck ageschloen.

Den 1:0 duerch de Gerson Rodrigues
Mat engem Schoss aus 25 Meter konnt de Gerson Rodrigues de gëllene Gol schéissen.
Bescht Zeenen 2. Hallschent
No engem ganz staarke Match an engem Gol vum Gerson Rodrigues ka sech Lëtzebuerg mat 1:0 géint Irland duerchsetzen.

Back to Top
CIM LOGO