BundesligaLeverkusen bleift Leader, Schalke waart zanter 28 Matcher op eng Victoire

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend huet an der Bundesliga Leverkusen kloer mat 4:0 de Rheinderby géint Köln gewonnen. Victoirë gouf et och fir den FCB a Leipzig.
© AFP (Archiv)

An der däitscher Futtball-Bundesliga war et e Mëttwoch den Owend d’Suite vum 12. Spilldag.

En Dënschdeg si schonn déi éischter Matcher fir de Kont vum aktuelle Spilldag gespillt ginn.

Schalke - Freiburg 0:2
0:1 Sallai (50'), 0:2 Sallai (58')

Och um 12. Spilldag an der Bundesliga gouf et nees keng Victoire fir Schalke. Zanter 28 Matcher ass de Veräin elo schonn ouni Succès. Schalke kënnt domadder dem 55 Joer ale Rekord vun Tasmania Berlin ëmmer méi no, dräi Matcher ouni Victoire feelen nach.

Et war eng weider verdéngten Defaite fir Schalke géint den SC Freiburg. Ouni Iddien a mat wéineg Mutt ass d’Ekipp am eegene Stadion opgetrueden. D’Ekipp vum Streich huet dogéint defensiv näischt ubrenne gelooss an huet vir an der Persoun vum Sallai zwee Goler markéiert. An der Tabell steet Schalke mat véier Punkten op der leschter Plaz, riskéiert ëmmer méi den Uschloss ze verléieren an de vermeintlechte Konkurrent Freiburg huet elo schonn 10 Punkte Virsprong.

Köln - Leverkusen 0:4
0:1 Weiser (8'), 0:2 Diaby (10'), 0:3 Schick (54'), 0:4 Wirtz (59')

Leverkusen bleift an der Bundesliga un der Spëtzt vun der Tabell. Am Rheinderby huet ee sech héich verdéngt mat 4:0 zu Köln duerchgesat. Leverkusen huet ee Punkt Virsprong op d’Verfolger Bayern München a Leizpig.

Bielefeld - Augsburg 0:1
0:1 Gouweleeuw (85')

Bayern München - Wolfsburg 2:1
0:1 Philipp (5'), 1:1 Lewandowski (45+1'), 2:1 Lewandowski (50')

Bayern München ass e Mëttwoch den Owend direkt am Ufank vun der Partie vu Wolfsburg kal erwëscht ginn. Schonn no 5 Minutte sinn d’Gäscht mat 1:0 a Féierung gaangen. No enger Flank vum Roussillon hat de Sané de Ball am Strofraum net degagéiert kritt. De Baku ass dertëscht gaangen an huet nach emol riets raus op de Mbabu gespillt. D’Flank huet de Philipp am Falen um Eelefmeterpunkt an de lénken Eck gesat. Wolfsburg huet et dem FCB duerno schwéier gemaach a louch net onverdéngt a Féierung. An der Nospillzäit huet dunn allerdéngs de Lewandowski zougeschloen a fir d’Lokalekipp op 1:1 gesat.

No der Paus huet et net laang gedauert, ier deen nächste Gol gefall ass. Op en Neits war et de Lewandowski dee markéiert an op 2:1 gesat huet. An de leschte Minutten ass et nach eng Kéier wëll hin an hier gaangen. Ma obwuel et op béide Säite gutt Chancë gouf an ënnert anerem den Neuer mat enger Parad den Ausgläich vu Wolfsburg verhënnert huet, ass kee Gol méi gefall. Bayern München gewënnt domadder knapp mat 2:1. Fir Wolfsburg ass et déi éischt Néierlag an dëser Saison.

Hoffenheim - Leipzig 0:1

0:1 Poulsen (60')

D’Tabell vun der Bundesliga

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO