Internationale FuttballGladbach rett Punkt géint Frankfurt, Chelsea verléiert géint Wolverhampton

RTL Lëtzebuerg
Dortmund konnt géint Bremen gewannen. Keng Gewënner gouf et tëscht Hertha-Mainz, Stuttgart-Unioun, ManCity-West Bromwich a Benevento-Lazio.
De Lars Stindl huet ganzer 3 Mol fir Gladbach getraff.
De Lars Stindl huet ganzer 3 Mol fir Gladbach getraff.
© AFP

Bundesliga

Eintracht Frankfurt - Borussia Mönchengladbach 3:3
0:1 Stindl (14'), 1:1 Silva (22',p), 2:1 Silva (24'), 3:1 Barkok (32'), 3:2 Stindl (90',p) 3:3 Stindl (90'+5)

Fir Gladbach hat et gutt ugefaangen, nodeem de Stindl e Fräistouss aus zentraler Positioun an enge 25 Meter eraschéisse konnt. Ma de Silva huet de Match innerhalb vun 2 Minutte gedréint, als éischt no engem Foul vum Punkt an dono per Konter no enger gudder Pass vum Barkok. 8 Minutte méi spéit huet de Silva sech revanchéiert an dem Barkok eng propper Virlag fir den 3:1 gemaach, mat deem et och an d’Paus goung. Nom Säitewiessel huet et laang gutt fir Frankfurt ausgesinn, ma déi zweet giel Kaart, an domadder eng Rout, fir den Abraham huet d’Ekipp op d’Kopp gehäit. Vun der 81. Minutt hate si also e Mann manner a Gladbach huet dat ausgenotzt. An der 90. Minutt kruten d’Fohlen e Penalty no engem Foul, deen de Stindl verwandelt huet. Säin drëtt Gol am Match huet hie 5 Minutte méi spéit markéiert, nodeem hie no engem ofgewierte Ball eleng stoung an de Ball erakäppe konnt.

Werder Bremen - Borussia Dortmund 1:2
0:1 Guerreiro (12'), 1:1 Möhwald (28'), 1:2 Reus (79')

Fir Dortmund war et den éischte Match no der Ära Favre. An den Interimstrainer Terzic konnt sech no 12 Minutte freeën, wéi de Guerreiro déi Giel-Schwaarz a Féierung bruecht huet, well hie richteg stoung, nodeem de Ball ofgefälscht gouf. Laang konnte si sech awer net freeën. An der 28. Minutt huet de Möhwald sech en Häerz geholl an aus der Distanz dropgehalen a mat sengem Schoss dem Golkipp keng Chance gelooss. An der 77. Minutt krut Dortmund en Eelefmeter, deen de Marco Reus awer net verwandele konnt, well de Pavlenka am richtegen Eck war. De Reus selwer huet awer am séierste reagéiert an de Ball, dee vum Pavlenka ofgewiert gouf, ophuelen an den 2:1 quasi am Noschoss markéieren. Dat sollt och de leschte Gol an der Partie sinn.

Hertha Berlin - Mainz 05 0:0

Weider Detailer vum Match vum Leandro Barreiro an eisem Artikel “Lëtzebuerger Futtballer am Ausland”.VFB Stuttgart - Union Berlin 2:2
0:1 Friedrich (4'), 0:2 Awoniyi, 1:2 Kalajdzic (85'), 2:2 Kalajdzic (90'+3)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Wolverhampton Wanderers - FC Chelsea 2:1
0:1 Giroud (49'), 1:1 Podence (66'), 2:1 Neto (90'+5)

En der éischter Hallschent war a puncto Goler net vill passéiert, ma kuerz nom Säitewiessel hat et gutt fir Chelsea ugefaangen, well de Giroud seng Faarwen an d’Féierung konnt bréngen. Wolverhampton huet sech awer net uginn an de Podence huet no 66 Minutten den Ausgläich markéiert. An der Nospillzäit awer huet den Neto dunn de Match gedréint a Wolverhampton huet sech a leschter Sekonn 3 Punkte kritt.

Manchester City - West Bromwich Albion 1:1
1:0 Gündogan (30'), 1:1 Dias (43',sg)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Benevento Calcio - Lazio Roum 1:1
0:1 Immobile (25'), 1:1 Schiattarella (45')

Udinese Calcio - FC Crotone 0:0

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

La Liga

Real Madrid - Athletic Bilbao 3:1
1:0 Kroos (45'+1), 1:1 Capa (52'), 2:1 Benzema (74'), 3:1 Benzema (90'+2)

Et war e schwéiere Match fir Bilbao zu Madrid, dat well d’Gäscht schonn no 13 Minutten an Ënnerzuel waren. De Garcia hat an der 8. an an der 13. all Kéiers eng giel Kart gesinn, wéinst dem Fouss stellen an ass dofir fréi an d’Dusch geschéckt ginn. Kuerz virun der Paus konnt de Kroos du Madrid a Féierung bréngen, ma just 7 Minutten nom Säitewiessel koum den Ausgläich duerch de Capa. An der leschter Véierelsstonn war et dunn zwee Mol de Benzema, deen d’Victoire fir déi Kinneklech geséchert huet.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Back to Top
CIM LOGO