
Den FC Liverpool verléiert ganz iwwerraschend 1:2 géint d'Wolverhampton Wanderers a flitt domadder aus dem engleschen FA Cup.
De Gäscht aus Wolverhampton ass et schonn an der 38. Minutt gelongen den 1:0 ze markéieren, dat duerch den Jimenez. Den Origi konnt dunn an der 51. Minutt den 1:1 markéieren. Ma nëmme 4 Minutten nom 1:1 gouf Liverpool awer nees mat engem Gol bestrooft, sou dass et bis zum Schluss beim 2:1 fir Wolverhampton bliwwen ass.
Liverpool ass domadder den 1. Favorit, deen et net an déi 4. Ronn vum briteschen Turnéier gepackt huet.
Do virdrun hate sech de Champion Manchester City, Manchester United, den FC Arsenal an den Titelverdeedeger FC Chelsea ouni gréisser Problemer fir déi nächst Ronn qualifizéiert.