DodgeballLuxembourg Lions ginn an déi zweet Saison

Charel Meyers
Dodgeball kenne vill Läit aus dem Schoulsport. Dëse Sport, deen Ausdauer, Prezisioun a Rhythmuswiessel fuerdert, huet säi Wee an de Grand-Duché fonnt.
Dodgeball: Luxembourg Lions ginn an déi zweet Saison
Dodgeball kenne vill Leit aus dem Schoulsport. Dëse Sport, deen Ausdauer, Prezisioun a Rhythmuswiessel fuerdert, huet säi Wee an de Grand-Duché fonnt.

D'Luxembourg Lions, den aktuell eenzege Club hei am Land, bitt zwee mol d'Woch een intensiven Training un. De President vum Veräi Frank Broy huet eng ganz besonnesch Relatioun mat dem Sport. Säit senger Zäit am Lycée huet de President eng Léift fir den Dodgeball fonnt. Wärend dem Studium huet hien dann an Holland op senger Universitéit een Dodgeball-Veräi fir Studente gegrënnt gehat. Zanter zwee Joer gëtt et dann elo schonns d'Luxembourg Lions an zanter leschter Saison spille si an der belscher Dodgeball-Liga.

Zanter 2012 gëtt dëse Sport international kompetitiv gespillt. Beim Dodgeball gëtt am Format 6 géint 6 gespillt. Dëst mat fënnef Bäll an zwou Hallschechten à 20 Minutten. Zil ass et dobäi, déi géigneresch Ekipp mam Ball ofzeschéissen. Gëtt ee Spiller getraff a léisst de Ball falen, ass dësen eliminéiert a muss op d'Bänk. Wann elo awer ee Spiller de Ball fänkt, da kann dësen een eliminéierten Equipier rëm an de Spillraum ruffen. Gewonnen ass d'Partie wann déi ganz géigneresch Ekipp eliminéiert gouf oder wann d'Spillzäit komplett ofgelaf ass.

D'Matgrënnerin Elisabeth Martin ass houfreg dorop, dass den Dodgeball u Popularitéit gewënnt. Ënnert anerem hat den eenzege Lëtzebuerger Veräin de ganze Mount September ee Casting gemaach, wou jidderee konnt op de fräien Training kommen. D'Luxembourg Lions sichen nämlech ëmmer nach Spiller a Spillerinne fir hir Ekipp.

Zanter leschtem Joer spillt d'Ekipp aus dem Grand-Duché och an der Belscher Dodgeball-Liga, do si si an der Männer-Kategorie direkt an der éischter Saison op der zweeter Plaz gelant. An der Mixte-Kategorie ass d'Bronzemedaille erausgesprongen. De 17. Oktober ass den Optakt vun der neier Saison, wou ee sech grouss Ziler gesat huet. Am Abrëll 2027 gëtt dann déi éischten Heempartie gespillt. Fir d'Elisabeth Martin an de Frank Broy bedeit dëst ganz vill, datt een och virun eegener Kuliss spille kann. Et bleift ze hoffen, dass de Sport och op nationaler Bün wuesse wäert, sou dass d'Luxembourg Lions net nëmmen international ënnerwee musse sinn.

Back to Top
CIM LOGO