BundesligaMainz séchert sech no geckeger Schlussphas ee Punkt géint Leverkusen

RTL Lëtzebuerg
Schalke an Union Berlin trenne sech 0:0, och fir Dortmund gouf et géint Hoffenheim just ee Punkt.
© AFP (Archiv)

No der 2:1-Victoire vu Leipzig géint Augsburg vum Freideg stoung um Samschdeg d’Suite vum 21. Spilldag an der héchster däitscher Spillklass um Programm, wou ënnert anerem Mainz mam Leandro Barreiro mat Leverkusen eng haart Noss virun der Broscht hat.

Um Enn gouf et um Samschdeg kee Gewënner, an de 5 Partië gouf et ee Remis.

An England konnt sech Leicester iwwerdeems mat 3:1 géint Liverpool behaapten. All d’Resultater vum internationale Futtball fannt Dir hei.

21. Spilldag vun der Futtball-Bundesliga

Leverkusen 2:2 Mainz
1:0 Alario (14'), 2:0 Schick (84'), 2:1 Glatzel (89'), 2:2 Stöger (90'+2)

Bei de Gäscht aus Mainz stoung de Leandro Barreiro op en Neits an der éischter Eelef. Fir de Lëtzebuerger Nationalspiller a seng Mainzer sollt et géint Leverkusen awer déi erwaart schwéier Partie ginn. An der 14. Minutt konnt den Alario d’Haushäre mat der éischter geféierlecher Aktioun a Féierung bréngen. No engem flotte Solo vum Diaby iwwert déi lénks Band hat de Fransous an der Mëtt den Alario fonnt, deen de Ball am Filet ënnerbrénge konnt. Mainz war wuel beméit, ma Leverkusen hat de Match virun der Paus iwwer wäit Strecken ënner Kontroll.

No der Paus war Mainz besser am Match a si konnte sech ëmmer erëm Geleeënheeten erausspillen. Déi beschte Chance hat de Leandro Barreiro, deen an der 83. Minutt ausgewiesselt gouf, ma säi Schoss goung awer iwwert d’Lat. Dës Chance war d’Resultat vun engem Feeler vum Lomb, deen an der Paus fir de Lukas Hradecky an de Leverkusener Gol koum. Et war dem Lomb säin éischten Asaz an der Bundesliga. Matten an enger Phas vum Match, wou Mainz dem Ausgläich ganz no war, konnt Leverkusen fir eng vermeintlecht Virentscheedung suergen. No engem Ball vum Gray an de Laf vum Schick konnt dësen de Ball am Filet ënnerbréngen. An der 89. Minutt konnt de Glatzel mat sengem éischte Gol an der Bundesliga den Uschloss markéieren a sou koum an de leschte Minutte nach eng Kéier Spannung op. An der 2. Minutt vun der Nospillzäit konnt Mainz sech tatsächlech nach fir eng couragéis 2. Hallschent belounen. Soumat dréint Mainz de Match an de leschte Minutten a séchert sech ee wichtege Punkt.

Dortmund 2:2 Hoffenheim
1:0 Sancho (24'), 1:1 Dabbur (31'), 1:2 Bebou (51'), 2:2 Haaland (81')

An enger flotter Partie wollte béid Formatiounen déi dräi Punkten afueren. Et war awer d’Lokalekipp, déi a Féierung goe konnt. No engem wäite Ball vum Guerreiro op de Sancho war den Englänner eleng duerch an hat d’Nerve virum Baumann behalen.

No der Féierung hu béid Defensen ëmmer erëm Chancen zougelooss. Eng dovun konnt den Dabbur fir Hoffenheim ausnotzen. No engem wäite Ball vum Rudy konnt de Stiermer vun Hoffenheim an der 31. Minutt de Ball kontrolléiert an den Eck setzen. Mam 1:1 ass et an d’Paus gaangen.

Nom Säitewiessel waren et op en Neits d’Gäscht, déi markéiere konnten. No enger Flank vum Rudy hat den Hitz am Dortmunder Gol de Ball onglécklech widder de Bebou gekäppt, deen de Ball an de Gol gelenkt huet. An der 58. Minutt war de Ball erëm am Filet, ma den Ausgläich vun Dortmund gouf awer wéinst Abseits oferkannt. Soumat blouf et beim 2:1 fir Hoffenheim. D’Lokalekipp huet den Drock erhéicht a sou konnte si kuerz viru Schluss nach zréck an de Match kommen. Den Haaland konnt sech am Strofraum behaapten an de Ball äiskal an de Gol setzen a sou fir de Schlusspunkt suergen.

Union Berlin 0:0 Schalke

Union Berlin war déi däitlech besser Ekipp, ma um Enn ware si virun allem an der Chancëverwäertung net konsequent genuch, a sou ass um Enn just ee Punkt erausgesprongen. Och fir Schalke ass dëse Punkt mat Bléck op d’Tabell ze wéineg, si bleiwen Tabelleleschte mat nëmmen enger Victoire an 9 Punkten.

Bremen 0:0 Freiburg

Stuttgart 1:1 Hertha BSC
1:0 Kalajdzic (45'+1), 1:1 Netz (82')

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO