
RB Leipzig- FC Augsburg 2:1
1:0 Olmo (38',p), 2:0 Nkunku (43'), 2:1 Caligiuri (77')
Den Arbitter hat vun Ufank u vill ze dinn. An den éischten 34 Minutten huet hien den Augsburger direkt 4 Mol Giel gewisen. E Foul war dann och den Ausgangspunkt vum 1:0, de Reece Oxford hat am Siechzéngmeter e Feeler gemaach an den Arbitter huet op de Punkt gewisen. De Gikiewicz konnt de Penalty halen, ma den Arbitter huet decidéiert en ze widderhuelen. Déi Kéier hat den Olmo déi besser Nerven an huet fir seng Ekipp verwandelt. Kuerz drop huet de Poulsen den Nkunku propper fräigespillt, deen aus kuerzer Distanz kee Problem hat, de Gol ze markéieren. Mat deem Score ass et an d’Paus gaangen.
Nom Säiteweissel gouf et laang keng geféierlech Zeene méi virum Gol, just de Felix Zwayer huet weider misste giel Kaarte weisen. Esou ass et dann och net verwonnerlech, datt nees e Foul zum 2:1 gefouert huet. De Konaté wollt de Ball klären, huet awer dobäi och e Géigespiller ëmgerappt. Augsburg krut den Eelefmeter an de Caligiuri konnt dee verwandelen. De Gulacsi war zwar nach drun, konnt de Gol awer net verhënneren. Ma bei dësem Score sollt et dunn awer och bleiwen.
No dëser Victoire ass Leipzig weider op Plaz 2 mat 44 Punkten an Augsburg op Plaz 13 mat 22 Punkten. Béid hunn awer op d’mannst ee Match méi, wéi all déi aner Ekippen an der Liga, déi eréischt de Weekend spillen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
FC Bologna - Benevento Calcio 1:1
1:0 Sansone (1'), 1:1 Viola (60')
Eng gutt Pass, ee Mann eleng virum Gol, ee Schoss, ee Gol an der alles an der éischter Minutt. Mat der éischter Chance vum Match huet de Sansone de perfekte Start fir d’Heemekipp hikritt. Béid Ekippe sollten an der éischter Hallschent nach eng Chance hunn, konnten déi awer net notzen. Direkt nom Säitewiessel hat nees de Sansone eng ganz gutt Chance, ma dëst d’Kéier konnt e Verteideger in extremis retten. Esou ass et bis zu der 60. Minutt beim 1:0 bliwwen, bis de Viola seng Chance genotzt huet an ausgeglach huet. Dono sollte keng Goler méi falen.
E Bléck op d’Tabell spigelt dann och d’Resultat zeréck. Bologna huet als 13. 23 Punkten aus 22 Matcher an Benevento huet als 14. 23 Punkten aus 22 Matcher. De Réckstand op déi europäesche Plaze betrëfft fir béid 13 Punkten, d’Avance op den Ofstig läit bei 9. Si hunn awer op d’mannst ee Match méi, wéi all déi aner Ekippen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Celta Vigo - FC Elche 3:1
1:0 Mina S. (45'), 2:0 Mendez B. (45'+2), 2:1 Rigoni (53'), 3:1 Mina (69')
Celta Vigo hat an der éischter Hallschent liicht méi vum Match, dofir awer méi Golchancen. Ma et huet awer bis zum Schluss vun dëse 45 Minutte gedauert, bis de Mina an de Mendez si a kuerzer Zäit konnten e Féierung bréngen. Direkt mat der éischter Golchance nom Säitewiessel konnt Elche nees bäikommen, de Rigoni hat fir si an der 51. Minutt markéiert. Eng 20 Minutte viru Schluss huet de Mina dann nees fir seng Faarwe getraff an esou den ale Virsprong nees hiergestallt.
An der Tabell ass Celta Vigo elo 9. mat 29 Punkten. De Retard op déi europäesch Plazen läit bei 6 Punkten, d’Ekippe virun hinnen hunn awer all e Match manner. Elche dogéint stécht weider am Keller. Mat 18 Punkten huet een awer just 2 Punkte Réckstand op eng Net-Ofstigsplaz.
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga