
Am Podcast „Drëtt Hallschent – de Sport Talk” ass dës Woch de Luc Holtz den Invité vum Franky Hippert a Jeff Kettenmeyer.
Mam Nationaltrainer geet et ëm de Bilan an der Nations League, den Ëmgang mat Kritik an de neie Stadion.
Donieft ass awer och d’Entwécklung vun engem jonke Spiller wéi dem Leandro Barreiro d’Thema.
De komplette Podcast fannt Dir och op Spotify an iTunes.
All Méindeg gëtt et eng nei Episod mat Invitéen aus der nationaler an internationaler Sportswelt.
Episod 1 mam Laurent Schwartz iwwer BasketEpisod 2 mam Dany Scholten iwwer HandballEpisod 3 mam Fabio Marochi, dem President vum Progrès Nidderkuer Episod 4 mam Rob Thillens iwwer seng 8 Joer als SportkommissärEpisod 5 mam Dan Maas iwwert d’Organisatioun vun engem WTA-TournoiEpisod 6 mam Ralph Diseviscourt iwwert säi 24-Stonne-WeltrekordEpisod 7 mam Dylan Pereira iwwert seng Saison am Porsche SupercupEpisod 8 mam Christian Wolfers iwwert de MotorsportEpisod 10 mam Bob Jungels iwwert eng komplizéiert Saison a seng Zukunft bei AG2REpisod 11: Mam Ken Diederich iwwert de Basket zu Lëtzebuerg
