
Nieft der däitscher Bundesliga, wou ënnert anerem Bayern München an och Borussia Dortmund net konnte gewannen, waren um Samschdeg och nees eng sëlleg Lëtzebuerger am Asaz. Den Iwwerbléck fannt dir hei.
FC Chelsea - Brighton 1:2
1:0 Callagher (14'), 1:1 Welbeck (42'), 1:2 Enciso (70')
Chelsea huet d’Generalprouf virum Champions League Retour géint Real Madrid an de Sand gesat. Géint Brighton ass et un der Stamford Bridge eng 1:2-Néierlag ginn. Dobäi louchen d’Blues no 14. Minutten duerch e Schoss aus Ronn 17 Meter mat 1:0 a Féierung. Brighton, déi e richteg staarken Auswäertsmatch gespillt hunn, konnten awer nach virun der Paus de Score verdengtdermoossen ausgläichen. Och an der zweeter Hallschent waren d’Gäscht déi spillbestëmmend Ekipp a hu sech an der 69. Minutt belount. Aus 25 Meter huet den Enciso dem Kepa keng Chance gelooss an huet mat dësem Hummer de Match zu Gonschte vu Brighton entscheet. Fir Chelsea ass de Néierlag am Championnat e weideren Déifpunkt, steet een aktuell just op der 11. Plaz.
Tottenham Hotspur - AFC Bournemouth 2:3
1:0 Son (14'), 1:1 Vina (38'), 1:2 Solanke (51'), 2:2 Danjuma (88'), 2:3 Ouattara (90+5')
Trotz enger 1:0 Féierung an engem Golschoss-Verhältnis vu 24 zu 9 geet Tottenham als Verléierer vum Terrain. Bournemouth war virum Gol immens effizient an huet an der Nospillzäit duerch den Ouattara nach eng Kéier äiskal zougeschloen. Deemno e battere Réckschlag fir d’Spurs am Kampf em d’Champion League Plazen iwwerdeems Bournemouth sech am Ofstigskampf e bësse Loft konnt erspillen.
Manchester City - Leicester City 3:1
1:0 Stones (5'), 2:0 Haaland (13'), 3:0 Haaland (25'), 3:1 Ihenacho (75')
D’Skyblues hunn an den éischten 30 Minutte mat den dréi Goler de Grondsteen fir d’Victoire géint Leicester geluecht. D’Gäscht sinn an der Schlussphase wuel nach emol eru komm, Maddison an Iheanacho hunn et awer verpasst op 2:3 ze Verkierzen, sou dass City an der Tabell elo nëmmen nach dräi Punkten hannert Arsenal London leit. Leicester steet weider op der zweet leschter Plaz.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
FC Bologna - AC Mailand 1:1
1:0 Sansone (1'), 1:1 Pobega (40')
Um fréie Samschdeg Mëtteg ass den AC Mailand op Bologna gefuer, fir do no der Victoire géint Neapel an der Champions League och an der Liga kennen eng Victoire ze feieren. Dozou sollt et awer net kommen. No net mol enger Minutt louchen d’Rossoneri mat 0:1 a Réckstand. Nom Ausgläich vum Pobega ass et ma 1:1 an d’Paus gaangen. An der zweeter Hallschent ass dunn net méi all ze vill passéiert, béid Offensivréihen waren net méi am Spill, sou dass de Match mat engem 1:1 op en Enn gaangen ass.
SSC Neapel - Hellas Verona 0:0
Inter Mailand - SSD Monza 0:1
0:1 Caldirola (78')
Monza iwwerrascht Inter Mailand a gewënnt am San Siro duerch e Gol an der 78. Minutt vum Caldirola mat 1:0. No engem Eckball huet den Caldirola per Kapp de Gol vum Dag geschoss.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Stade Rennes - Stade Reims 3:0
1:0 Doku (9'), 2:0 Doku (19'), 3:0 Theate (68')
Paris St. Germain - RC Lens 3:1
1:0 Mbappé, 2:0 Vitinha (37'), 3:0 Messi (40')
Am Spëtzematch hat de PSG den Tabellenzweete vu Lens op Besuch. Mat enger Victoire vu Lens hätt et an der Meeschterschaft nach eng Kéier spannend kéinte ginn. Dozou ass et awer net komm. No enger gudder Ufanksphase krut den Abdul Samed an der 19. Minutt duerch e Foul déi Rout Kaart. An Ënnerzuel huet Lens dunn Spillkontroll verluer, an de PSG huet bannent 10 gläich dräi mol äiskal zougeschloen. Mbappé, Vitinha an Messi hunn de Match nach virun der Paus entscheet. Lens sollt just nach den Uschlossgol geléngen. Duerch des Victoire steet de PSG elo 9 Punkte viru Lens.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
FC Cadiz - Real Madrid 0:2
0:1 Fernandez (72'), 0:2 Asensio (76')