
Nodeems d'Lëtzebuerger Nummer 1 ee gudde Parcours an der Qualifikatioun zeréckgeluecht huet, war am 1. Tour vum Haapttableau Schluss fir d'Spillerin vun der Spora. Mat 2:6 a 4:6 huet si de Kierzere gezu géint déi staark Schwäizerin.
D'Belinda Bencic spillt bis heihinner eng richteg gutt Saison a si zielt och beim Tournoi zu Stuttgart zu de grousse Favoritinnen.