Australian OpenMandy Minella wënnt am 1. Tour vun der Qualifikatioun

RTL Lëtzebuerg
Zu Melbourne hunn d'Qualifikatioune fir d'Australian Open ugefaangen. D'Mandy Minella krut et am 1. Tour mam Pemra Ozgen aus der Tierkei ze dinn.
© pressphoto Archiv

Der Lëtzebuergerin huet eng Plaz gefeelt, fir direkt an den Haapttableau ze kommen. Am éischten Tour vun der Qualifikatioun krut déi 33 Joer al Spillerin vun der Spora et e Mëttwoch mam Pemra Ozgen (WTA-237) ze dinn.

D'Mandy Minella hat bis elo eng Kéier géint d'Tierkin gespillt an hat do zejoert kloer an 2 Sätz zu Stuttgart gewonnen.

D'Bilanz bleift also positiv, well och bei den Australian Open behält d'Lëtzebuergerin d'Iwwerhand. Um Enn stoung et 6-2, 4-6 a 6-4 fir d'Mandy Minella.

Am 2. Tour waart elo d'Nummer 390 am WTA-Ranking, dat a Persoun vun der Wäissrussin Olga Govortsova. Bis elo hu béid Spillerinnen 3 mol géintenee gespillt ... 3 mol huet d'Wäissrussin gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO