Mat 30 JoerMarcel Hirscher setzt ee Schlussstréch ënnert seng Karriär

RTL Lëtzebuerg
Den Éisträicher Marcel Hirscher huet e Mëttwoch den Owend op enger Pressekonferenz säi Récktrëtt vum aktive Schisport annoncéiert.
© AFP

No iwwer 12 Joer Schi Alpin a 67 Victoiren hänkt de wuel beschte Schifuerer seng Schier un den Nol. Den Hirscher ass fënnefmol Sportler vum Joer an Éisträich ginn an huet zwou olympesch Goldmedaile gewonnen.

Ganzer 138 Mol stoung den Hirscher bei engem Weltcup um Podium, 7 Mol ass hie Weltmeeschter ginn.

Back to Top
CIM LOGO