
Nom éischten Duerchgang louch nach den éisträicheschen Teamkolleg Marco Schwarz a Féierung mee am zweeten Duerchgang ass dësen agefädelt a soumat ausgescheet. De Fransous Alexis Pinturault konnt am 2. Laf nach vun der 4. Plaz op déi 2. no vir fueren. Dëst ass schonn déi 30. Slalom-Victoire fir den Éisträicher a senger Karriär.
Am zweeten Duerchgang konnt dee vun enger Blessur geploten Felix Neureuther mat engem ganz staarke Laf vun der 24. op déi 8. Plaz no vir fueren.