
D'Sharapova kënnt also guer net op Lëtzebuerg, och net fir "social events", well si krank ass. An enger éischter Reaktioun RTL géigeniwwer huet d‘Tournoi-Direktesch Dan Maas gesot, datt si "schwäiwëll" ass.
D‘Verhale vum Sharapova, déi virdru schonn hir Participatioun als Spillerin ofgesot hat, nennt d‘Maas einfach nëmmen onprofessionell.
Fir den Event den Dënschdeg den Owend huet d'Mandy Minella sech spontan bereet erkläert, anzesprangen.