WTA KockelscheierMaria Sharapova kënnt op Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Um Méindeg de Moie gouf op enger Pressekonferenz confirméiert, datt déi russesch Tennisspillerin, aktuell Nummer 137 op der Welt, op Lëtzebuerg kënnt.

Déi 32 Joer al Russin konnt an hirer Karriär all Grand-Slam op d'mannst eemol gewannen, dee leschten 2014 zu Paräis. Si huet an Australien 2008 gewonnen, zu Wimbledon 2004, d'US-Open 2006 a Roland Garros 2012 an 2014. Donieft stoung si 21 Woche laang op der Plaz 1 vum WTA-Ranking.

Tennis Sharapova op der Kockelscheier

Fir d'Dan Maas vun der Organisatioun ass et ee groussen Coup, dass déi fréier Nummer 1 op Lëtzebuerg kënnt. Et war e laangen Dram vun der Organisatioun, well dëst Joer huet een net nëmme Staren, mä esouguer e Weltstar op der Kockelscheier dobäi. 21 Woche stoung d'Russin ganz uewen an der Tabell, aktuell ass si op der Plaz 137. 2003 war si esouguer schonn eng Kéier beim Tournoi op der Kockelscheier dobäi.

Dan Maass iwwer Sharapova
...

Op der Facebook-Sait vum WTA-Tournoi hat d'Maria Sharapova dann och e Message fir hir Lëtzebuerger Supporter:

Maria Sharapova kënnt op Lëtzebuerg
Déi russesch Tennisspillerin huet dëst an engem Video confirméiert.

Finanziell leeft d'Engagement vum Sharapova, déi sech bei deenen 4 Grand Slamen an de Palmarès agedroen hat a 36 WTA-Tournoien an hirer Karriär gewanne konnt, iwwert e Sponsor, well de Budget vun den Organisateure schonn opgebraucht war. Fir den WTA-Tournoi op der Kockelscheier huet dat schonn eng grouss Importenz, well et och e Retour un all d'Partner wier, well d'Russin ëmmerhin 18 Millioune Follower op de sozialen Medien huet, sou d'Direktesch Dan Maas.

PDF: Steckbréif Maria Sharapova

Back to Top
CIM LOGO