Roland GarrosMinella wënnt mat 6:4, 6:2 a steet am 2. Tour vum Haapttableau

RTL Lëtzebuerg
Staarken Optrëtt vum Mandy Minella zu Roland Garros, dem zweeten Grand Slam Tennis Tournoi vum Joer.
© RTL (Archiv)

D'Lëtzebuergerin ass gutt an de Match géint d'Anastasia Pavlyuchenkova komm an huet direkt den éischte Jeu fir sech konnten entscheeden an dono op 2:0 erhéijen. Den Avantage huet d'Lëtzebuergerin genotzt an huet dono den éischte Saz mat 6:4 fir sech entscheet.

Den zweete Saz huet de Gutt fir d'Pavlyuchenkova ugefaangen a si ass mat 1:0 a Féierung gaangen. Ma dono huet d'Mandy Minella e gudden Tennis gespillt an hat op eemol en Avantage vu 5:1. Den éischte Matchball konnt d'Russin dunn nach ofwieren, ma den nächste Jeu huet d'Minella direkt ofgeschloss.

Esou wënnt d'Lëtzebuergerin mat 6:4 a 6:2 géint d'Pavluychenkova aus Russland.

D'Mandy Minella ass immens zefridden

An der Weltranglëscht ass d'Russin, Nummer 44, 56 Plaze besser klasséiert wei d'Minella. Et ass déi éischte Kéier, datt d'Lëtzebuergerin bei den French Open am zweeten Tour steet. Do waart dann d'Lettin Anastasia Sevastova, déi aktuell Nummer 12 op der Welt.

VIDEO: Roland Garros: Mandy Minella wënnt 1. Match
Domadder qualifizéiert sech d'Lëtzebuergerin fir den zweeten Tour vun de French Open.

De Video krute mer vun den Organisateure vum BGL BNP Paribas Luxembourg Open, déi zu Paräis mat dobäi sinn. Si gratuléieren dem Mandy Minella fir d'Victoire um Grand Slam.

Interview am Virfeld vum Match

Bei de French Open zu Paräis kritt d‘Mandy Minella et elo am fréie Nomëtteg am 1. Tour mat der Russin Anastasia Pavlyuchenkova ze dinn. Dat gëtt awer net einfach.

Mandy Minella zu Roland Garros

Däers ass sech d'Mandy Minella och bewosst. Et ass eng staark Géignerin, déi schonn no un der Top 10 stoung. Am Moment fillt d'Lëtzebuergerin sech gutt, dofir ka si nëmmen no Vir spillen.

Et ass déi 9. Kéier, datt d'Mandy Minella bei den Internationaux de France dobäi ass. Déi 33 Joer al Spillerin vun der Spora huet jo och e puer Joer zu Paräis gelieft. Bei der 6. Participatioun am Haapttableau zu Roland Garros soll et dëst d'Kéier awer vläicht klappen, an déi zweet Ronn ze kommen.

Op Sand huet d'Mandy Minella hir beschte Resultater gemaach. A well si am Moment och gutt a Form ass, kéint si an déi zweet Ronn kommen.

Och wann et an de leschte Wochen net ëmmer ganz wäit bei den WTA-Tournoie gaangen ass, esou war et awer zu Prag eng knapp Defaite an 3 Sätz géint d'Chinesin Qiang Wang, Nummer 16 op der Welt. Fir elo hire Match e Méindeg de Mëtteg huet d'Mandy Minella hire Plang. D'Variatioune mussen esou gutt wéi méiglech agesat ginn, wat hir Géignerin, déi gewinnt ass, fir vill déif am Terrain ze stoen, ka stéieren.

Bis elo hunn déi zwou Spillerinnen eemol géintenee gespillt. 2014 bei den Australian Open hat sech d'Pavlyuchenkova kloer an 2 Sätz duerchgesat.

Back to Top
CIM LOGO