
Domadder konnt do Mohamed Salah sech géint säi Klubkolleg Sadio Mane aus dem Senegal an de Stiermer vun Arsenal London Pierre-Emerick Aubameyang aus dem Gabun an der Finalronn duerchsetzen. Beschten Nowuessspiller gouf de Verdeedeger Achraf Hakimi, deen aktuell vu Real Madrid u Borussia Dortmund ausgeléint ass.
Schonn an England gouf dem Salah zum Spiller vum Joer gewielt, dat souwuel vun de Fans, wéi och vun de Spiller aus der Premier League.