
Schalke spillt 1:1-Gläich géint Bremen a Frankfurt gewënnt géint Hertha. Den Iwwerbléck vun der däitscher Bundesliga fannt dir hei.
FC Everton - Newcastle United 0:2
0:1 Wilson (73'), 0:2 Wilson (90+3')
Newcastle stoung virum Match géint Everton op der 16. Plaz an der Tabell, huet awer gespillt wéi wa si am ieweschten Drëttel géife stoen. Vun Ufank u ware si besser am Match an haten déi besser Chancen, Wilson a Shelveys kruten de Ball awer net am Gol ënner. An der 73. Minutt war et dunn de Wilson, deen de Ball no engem Corner an de Gol gekäppt huet. An der Nospillzäit huet de Wilson mat sengem zweete Gol den Deckel zou gemaach. Alles an allem eng verdéngte Victoire fir d’Gäscht vun Newcastle.
Manchester City - Sheffield United 1:0
1:0 Gabriel Jesus (9')
Nodeems den Tabelleleschten an der Premier League Sheffiel United ënnert der Woch nach iwwerraschend géint Manchester United gewanne konnt, ass et um Samschdeg den Owend manner gutt gelaf fir Sheffield. Trotz enger couragéierter an defensiv stabiller Leeschtung, ass eng Onuechtsamkeet an der Ufanksphas vum Match duergaangen, fir dass d’Ekipp vum Pep Guardiola déi 3 Punkten zu Manchester kann halen a domat Leader an der Tabell bleift.
FC Arsenal - Manchester United 0:0
D’Partie tëscht Arsenal a Manchester United ass e Samschdeg den Owend mat engem 0:0 op en Enn gaangen. No enger éischter Hallschent ouni wierklech geféierlech Chancen, hu béid Ekippen an den zweete 45 Minutten een anert Gesiicht gewisen. Op béide Säite gouf et eng Partie Chancen, ma kenger Ekipp ass an den 90 Minutten e Gol gelongen. Duerch de Remis huet Manchester United an der Tabell elo e Retard vun 3 Punkten op de Leader Manchester City.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
FC Bologna - AC Mailand 1:2
0:1 Rebic (26'), 0:2 Kessié (55'), 1:2 Poli (81')
De Leader an der Serie A war och am Match géint Bologna déi iwwerleeën Ekipp an huet der Lokalekipp iwwert déi 90 Minutten de Zant gezunn. Nodeems den Ibrahimovic an der 26. Minutt nach een Eelefmeter laanscht geschoss huet, war et den Ante Rebic, deen an der 26. Milan a Féierung geschoss huet. Bologna ass wuel lues a lues besser an de Match komm, e Gol sollt hinnen awer net geléngen. Nodeems de Kessié an der 55. Minutt duerch een Eelefmeter den 2:0 fir Mailand geschoss huet, war de Match fréizäiteg entscheet, och wa Bologna an der 81. Minutt duerch de Poli nach den Uschlossgol gelongen ass.
Duerch dës Victoire bleift den AC Mailand un der Spëtzt vun der Tabell.
Sampdoria Genua - Juventus Turin 0:2
0:1 Chiesa (20'), 0:2 Bentancur (37')
Inter Mailand - Benevento Calcio 4:0
1:0 Improta (7', Selbstgol), 2:0 Martinez (57'), 3:0 Lukaku R. (67'), 4:0 Lukaku R. (78')
Inter Mailand bleift an der Serie A um Leader AC Mailand drun. Duerch eng kloer 4:0-Victoire géint Calcio bleift et beim Retard vun 2 Punkten.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
HSC Montpellier - RC Lens 1:2
0:1 Doucoure (7'), 0:1 Kakuta (67'), 1:2 Wahi (78')
Olympique Marseille - FC Rennes (verluecht)
Nodeems den Trainingszentrum vun Olympique Marseille e Samschdeg vun engem Grupp Leit attackéiert ginn ass, gouf de Match géint Rennes ofgesot. Weider Detailer iwwert de Virfall bei de Kolleege vun RTL 5minutes.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
SD Eibar - FC Sevilla 0:2
0:1 Ocampos (28'), 0:2 Jordan (55')
Real Madrid - UD Levante 1:2
1:0 Asensio (13'), 1:1 Morales (32'), 1:2 Roger (78') Ganzer 9 Minutten huet et gedauert éier den Onparteieschem de Militao déi Rout Kaart huet misse weisen. Nëmme 4 Minutte méi spéit ass Real duerch den Asensio wuel a Féierung gaangen, mee Levante huet de Kapp net an de Sand gestach. Nach virun der Paus ass den 1:1-Ausgläich duerch de Morales gefall. An der 64. Minutt huet de Roger fir Levante een Eelefmeter verschoss, éier de Roger säi mëssgléckten Eelefmeter mam 2:1 erëm gutt gemaach huet. Defensiv stabil Gäscht gewannen domat zu Madrid.
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga