
Bayern München - TSG Hoffenheim 4:1
1:0 Boateng (32'), 2:0 Müller (43'), 2:1 Kramaric (45'), 3:1 Lewandowski (57'), 4:1 Gnabry (64')
Attraktiv éischt Minutten zu München. Hoffenheim hat an der Ufanksphas duerch de Bebou d’Chance 1:0 a Féierung ze goen, mee den Neuer am Gol sollt d’Null halen. Kuerz drop huet de Müller nëmmen d’Lat fir Bayern getraff. Hoffenheim hat wuel eng weider gutt Chance, de Gol sollt awer den däitsche Meeschter schéissen. No engem Corner vum Kimmich stoung de Boateng goldrichteg a käppt de Ball zum 1:0 eran. Kuerz virun der Paus huet de Müller fir d'2:0-Féierung gesuergt. Quasi am Géigenzuch ass der TSG duerch de Kramaric awer nach de verdéngten Uschlossgol gelongen, sou dass et mat 1:2 aus der Siicht vun Hoffenheim an d’Paus gaangen ass.
Och no der Paus war Hoffenheim immens beméit an hat direkt zwou net ganz ongeféierlech Aktiounen. Goler sollten awer op der anerer Säit falen, an dat duerch de Weltfuttballer Lewandowski an de Gnabry. Hoffenheim war immens couragéiert an awer ass et net duergaangen, de Bayern e Been ze stellen, sou datt si mat 1:4 de Kierzeren zeien.
RB Leipzig - Bayer Leverkusen 1:0
1:0 Nkunku (51')
RB Leipzig huet sech an der Course ëm d’Champions-League-Plazen dräi wichteg Punkte geséchert an de Verfolger Leverkusen distanzéiert. An enger enker Spëtzepartie hunn déi méi effizient Sachsen d’Wierkseelef mat 1:0 (0:0) geklappt. Duerch dës Victoire huet Leipzig elo 38 Punkten a läit 10 Punkte viru Leverkusen, déi op déi 4. Plaz no hanne gerutscht sinn. Op de Leader Bayern huet d’Ekipp vum Nagelsmann weiderhi 7 Punkte Retard.
Borussia Dortmund - FC Augsburg 3:1
0:1 Hahn (11'), 1:1 Delaney (26'), 2:1 Sancho (64') 3:1 Uduokhai (Selbstgol, 76')
Direkt an der 10. Minutt krut de BVB eng kal Dusch. Den André Hahn war am Strofraum un de Ball komm an hat dat ronnt Lieder an de Filet gesat. Den Hitz am Dortmunder Gol hat do keng Chance. An der 20. Minutt krut Dortmund dunn nom VAR een Hand-Eelefmeter zougesprach, deen den Haaland allerdéngs nëmmen un d’Lat gehummert huet. Déi Schwaarz-Giel sinn awer weider op der Gaspedall bliwwen, an esou huet den Delaney an der 26. Minutt duerch Viraarbecht vum Reus de verdéngten Ausgläich konnte markéieren. Mam 1:1 si béid Ekippen an d’Kabinne gaangen.
Géint defensiv déif stoend Augsburger huet sech d’Lokalekipp laang schwéier gedoen, éier de Sancho no engem Zockerpass vum Guerreiro an de Laf geschéckt gouf, an den Englänner den erléisende Gol fir de BVB geschoss huet. Nom Selbstgol vum Uduokhai war den Drops gelutscht an de BVB hëllt déi wichteg 3 Punkte mat Heem.
Werder Bremen - FC Schalke 1:1
0:1 Mascarell (38'), 1:1 Mohwald (77')
No 45 Minutte louchen d’Knappen net onverdéngt mat 1:0 a Féierung. Bremen huet virun allem an der Offensiv näischt op d’Been krut, sou dass Schalke méi vum Spill hat, de Ball lafe gelooss huet an an der 38. Minutt duerch déi éischt richteg gutt Chance am Match mat 1:0 a Féierung gaangen ass. Nodeems de Becker sech iwwer riets duerchsetze konnt, war et de Mascarell no Zouspill vum Harit, deen de Ball aus ronn 15 Meter an de Gol geschoss huet. Schalke louch an der Paus mat 1:0 vir.
No 3 Auswiesslungen an der Paus ass déi 2. Hallschent kloer u Bremen gaangen. Werder war vill méi bësseg wéi nach an deenen éischte 45 Minutten an esou hu si sech an der 77. Minutt duerch e Gol vum Mohwald belount. Schalke stoung nëmmen nach hannendran an hat an der Nospillzäit elle Chance, dass de Gol vu Bremen wéinst Abseits net gezielt huet, sou dass sech béid Ekippe mat engem 1:1 d’Punkten deelen.
Union Berlin - Borussia Mönchengladbach 1:1
1:0 Knoche (31'), 1:1 Plea (59')
Eintracht Frankfurt - Hertha BSC Berlin 3:1
0:1 Piatek (66'), 1:1 Silva (68'), 2:1 Hinteregger (85'), 3:1 Silva (90+5')