
Dës 4. Etapp am Tour de France Femmes goung vu Genf an der Schwäiz iwwert de Jura op Poligny. Iwwer 156,5 schwéier Kilometer konnt sech d'Sigrid Haugset vun UNO-X Mobility duerchsetzen.
Vum Depart aus hunn d'Coureusë missen déi éischte Schwieregkeet vum Dag bewältegen. Dëst war de Col de la Faucille, eng Schwieregkeet vun der 1. Kategorie mat enger Längt vun 11,4 Kilometer.
Do hunn déi éischte Coureusë misse lass loossen.
Am Laf vun der Course hat sech e méi grousse Spëtzegrupp forméiert. Fir d'Lorena Wiebes a Giel war den Tempo am Bierg ze héich an hat domadder keng Chance, säi Maillot ze verdeedegen.
D'Norwegerin Sigrid Haugset hat sech 88 Kilometer virun der Arrivée eleng ofgesat. An der Verfollgung war d'Lotte Kopecky vun SD-Worx Pro Cycling Team.
An der leschter Schwieregkeet vum Dag goufen et am Grupp vun de Favorittinnen ëmmer rëm Attacken – et konnt sech awer keng Coureuse sou richteg ofsetzen.
10 Kilometer virun der Arrivée konnt d'Lotte Kopecky bis op 10 Sekonnen op d'Norwegerin erukommen. Um Enn setzt sech d'Sigrid Haugset awer mat engem Virsprong vun 1 Minutt an 23 Sekonnen op d'Lotte Kopecky duerch. Drëtt gouf d'Marianne Vos mat engem Retard vun 2 Minutten an 48 Sekonnen.
Am Generalklassement iwwerhëlt d'Norwegerin de giele Maillot, dëst mat engem Virsprong vun 2 Minutten an 2 Sekonnen op d'Kim Le Court-Pienaar an d'Demi Vollering.
D'Nina Berton ass iwwerdeems als 123. iwwert d'Arrivée gefuer, dat mat engem Retard vun 20 Minutten an 19 Sekonnen. Am General ass d'Lëtzebuergerin domadder elo 81. mat engem Retard vun 22 Minutten a 25 Sekonnen.