Internationale FuttballNürnberg erkämpft sech ee Punkt géint Bayern

RTL Lëtzebuerg
Chelsea a Manchester United trenne sech 1:1, Lille iwwerrennt Nimes mat 5:0, Real Madrid verléiert géint Rayo Vallecano.

An der Premier League koum et ënnert anerem zum Duell tëscht dem FC Chelsea a Manchester United.  An der Bundesliga krut Bayern München et mat Nürnberg ze dinn.

Bundesliga:

Hoffenheim - Wolfsburg 1:4

Hoffenheim war staark an de Match koum. De Szalai konnt seng Faarwe fréi an der 9. Minutt a Féierung bréngen. Duerno haten d'Männer vun Hoffenheim nach d'Chance ze erhéijen, ma de Kramaric konnt aus eelef Meter net verwandelen. Virun der Paus war et dem William dann awer gelongen, den Ausgläich fir Wolfsburg ze markéieren.

Nom Säitewiessel war de VFL Wolfsburg déi besser Ekipp. An der 69. Spillminutt konnt de Weghorst dann d'Féierung markéieren. Et hat um Enn awer bis zur 85. Minutt gedauert, éiert eng Entscheedung gefale war. Den Arnold konnt no enger Virlag vum Weghorst op 3:1 stellen. Déi leschten Aktioun war dann awer erëm fir den hollännesche Stiermer, dee fir de 4:1 suerge konnt.
Soumat gëtt et eng Enttäuschung fir déi Hoffenheimer, déi mat 1:4 doheem ënner ginn.

Nürnberg - Bayern 1:1

De klore Favorit aus München war déi dominant Ekipp, ma et awer bis zur 24. gedauert, éiert den Alaba déi éischt Geleeënheet hat, dëst duerch ee Fräistouss deen de Mathenia awer nach ofwiere konnt. Am zweeten Duerchgang war et dann awer Nürnberg, déi den éischte Gol vun der Partie markéiere konnten. De Pereira hat et aus gutt 18 Meter probéiert, an dem Ulreich am Gol vu München keng Chance gelooss. Duerno huet d'Ekipp vum Nico Kovac op den Ausgläich gedréckt, an dëse sollt hinnen och geléngen. An der 75. Minutt konnt de Gnabry de Ball no enger Pass vum Coman iwwert d'Linn drécken. An der Nospillzäit huet de Match da nach eng Kéier Tempo opgeholl. No engem Foul vum Davies mam Ielebou gouf et Eelefmeter fir Nürnberg, deen de Leibold awer just op de Potto gesat hat. An der leschter Minutt hat de Coman dann d'Victoire um Fouss ma hie konnt de Ball fräi virum Mathenia net am Gol ënnerbréngen.

Premier League:

Leicester - Arsenal 3:0

An der englescher Premier League verléiert Arsenal weider den Uschloss un d'Champions League Plazen. Nodeems de Maitland-Niles an der 36. Minutt mat senger zweeter gieler Kaart am Match vum Terrain gesat gouf, hat et bis zur 59. Minutt gedauert, éiert Leicester hier zueleméisseg Iwwerleeënheet ausnotze konnt. Et war den Tielemans, deen an der 59. Minutt fir d'Féierung suerge konnt. D'Lokalformatioun war déi kloer besser Ekipp, ma et hat awer bis zur 86. Minutt gedauert, éiert d'Entscheedung gefall war. De Vardy konnt hei no engem wäite Ball markéieren. Fir de Schlusspunkt konnt den Englänner dann an der 5. Minutt vun der Nospillzäit suergen.
Soumat verléiert Arsenal mat 0:3 zu Leicester.

Manchester United - Chelsea 1:1

An engem vun de prestigiéiste Matcher am europäesche Futtball koum et zum Duell tëscht Chelsea a Manchetser United. An de Match sollt direkt flott ugoen. No nëmmen 11 Minutte konnten d'Haushären a Féierung goen. No enger super Pass vum Lukaku krut de Shaw de Ball am Strofraum. Hien hat sech ëmgekuckt a säi Matspiller, de Mata an der Mëtt fonnt, deen de Ball iwwert d'Linn drécke konnt. An der 43. Minutt konnt d'Chelsea a Persoun vum Alonso den 1:1 markéieren. De Rüdiger hat et aus grousser Distanz probéiert, den de Gea konnt de Ball net festhalen a sou krut den Alonso de Ball a konnt den Ausgläich fir déi Blo markéieren. An engem ausgeglachene Match sollt sech an der zweeter Hallschent keng vu béiden Ekippe kënnen ofsetzen a sou ass et, duerch puer Ënnerbriechungen, no 98 Minutte mat 1:1 zu Enn gaangen.

Serie A:

Am Italienesche Championnat huet den Tabellenzweeten Neapel 2-0 bei Frosinone Calcio gewonnen, Chievo Verona a Parma spillen 1-1 gläich, d'selwecht wéi Spal an den FC Genua. Sampdoria verléiert 1-2 géint Lazio Roum an Turin ass dem AC Mailand mat 2-0 iwwerleeën.

LaLiga:

A Spuenien verléiert den Tabellendrëtten Real Madrid um Sonndeg den Owend 0-1 géint Rayo Vallecano, déi an der Tabell op déi zweetlescht Plaz kommen.

Ligue 1:

Lille - Nimes 5:0

An der Ligue 1 konnt sech Lille däitlech behaapten Nodeems et no 45 Minutte nach 0:0 stoung, war et den Tabellen-2., dee besser aus der Kabinn koum war. De Remy hat de Score an der 51. Minutt lancéiert, éiert de Bamba an der 64. Minutt op 2:0 stelle konnt. An der 70. Minutt konnt den Celik fir d'Entscheedung suergen, ma de Pepe, deen eng ganz staark Saison spillt konnt an der 80. Minutt nach op 4:0 stellen. De Schlusspunkt war fir de Fonte, de fir de 5:0 suerge konnt.
Domat wënnt Lille kloer an däitlech mat 5:0 géint Nimes.

[comments

Back to Top
CIM LOGO