
E Méindegmëtteg steet eng Visitt am Youth Camp Paris 2024 vum Sportslycée um Programm, ier et da spéider bei den Eiffeltuerm fir de Beachvolleyball geet. Owes geet et dann an d’Arena Sud bei der Porte de Versailles fir den Dëschtennis.
Och en Dënschdeg ass de Programm fir d’groussherzoglech Koppel gutt gefëllt: Dëschtennis, Dressurreiden, Schwammen (100 Meter Fräistil), Invalide-Bouschéissen an 3-géint-3-Basket wäerte si sech ukucken.
E Mëttwochmoie geet et da weider mam Triathlon bei den Dammen um Pont Alexandre III a spéider nees mam Dëschtennis, Dressurreiden an Invalide-Bouschéissen. Owes kucke sech de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse dann nach d’Finall vum 100-Meter-Fräistil-Schwammen un, dat an der La-Défense-Arena.