
Och déi 23-fach Grand-Slam-Gewënnerin Seren Williams wäert net un den Olympesche Spiller zu Tokio deelhuelen. Dat huet déi véierfach Olympiagewënnerin e Sonndeg am Virfeld vum Grand-Slam zu Wimbledon matgedeelt.
“Ech stinn net op der Lëscht - op d’mannst net, dass ech wéisst. A wann awer, da sollt ech net drop stoen”, sou déi 39 Joer al Tennisspillerin. D’Grënn fir hire Verzicht wollt d’Williams net nennen: “Et gëtt eng Partie Grënn fir dës Decisioun, mä haut wëll ech net drop agoen. Villäicht een aneren Dag.”
Virdrun hate schonn ënnert anerem de Rafael Nadal an den Dominic Thiem matgedeelt, datt si net un den Olympesche Spiller deelhuelen.