
Vun dëser Saison un däerf elo just nach de Kapitän vun all Ekipp mam Arbitter schwätzen. Wann aner Spiller sech net dorunner halen, gëtt et eng giel Kaart. Wann de Kapitän gläichzäiteg och de Golkipp ass, kann een anere Spiller
designéiert ginn, fir mam Arbitter ze schwätzen.