Grethen Champion iwwer 1.500 MeterOch um nationale Liichtathletik-Championnat d'Olympesch Spiller am Viséier

RTL Lëtzebuerg
De Charel Grethen huet nach d'Chance op Olympia, dat entweder iwwert d'Verbesser vum nationale Rekord oder iwwert Punkte fir den internationale Ranking.
Nationaalt Championnat am Liichtathletik zu Esch
De Charel Grethen huet déi olympesch Spiller nach am Viséier.

Bis zu 300 Spectateuren konnte sech de Meeting ouni Mask ukucken, virausgesat, si haten ee vun den 3Gen oder e negative Schnelltest.

D’Haaptattraktioun war de Charel Grethen, deen nach u senger definitiver Participatioun un den Olympesche Spiller feilt. Mat enger Verbesserung vun sengem Landesrekord vun 1 Sekonn an 75 Honnertstel hätt den CSL-Athlete d’Qualifikatioun sécher an der Täsch gehat. Dat kléngt no wéineg, ass awer op deem doten Niveau e Batz.

Dat war och net onbedéngt d’Zil haut, erkläert säin Trainer Camille Schmit. De Charel Grethen steet am internationale Ranking gutt do an et wëll een iwwert dee Wee op Tokio kommen. Mat de Punkte vun Samschdeg misst d’ Qualifikatioun praktesch sécher geséchert sinn.

Fir e neien nationale Rekord ze lafen, dofir huet et am éischten Tour gehappert. Do war hien ze lues, erkläert säin Trainer. Hien huet vu 500 Meter un acceleréiert, fir d’Tëschenzäiten ze kréien.

Nodeems de Pacemaker d’Course verlooss hat, war de Charel Grethen eleng ënnerwee, do ass et méi schwéier, den Tempo ze halen, ma de Charel Grethen ass der Meenung, datt hien nach e gudden Tempo hat. De Chrono ass bei 3 Minutten 38 Sekonnen a 55 Honnertstel stoebliwwen. Eng anstänneg Zäit a mam Championstitel ginn et vill Punkten am Worldranking. Déi lescht Qualifikatiounscourse wäert den Dënschdeg den Owend zu Luzern iwwert d’Bün goen. De Mëttwoch wäert de Charel Grethen wëssen, ob hie seng Wallis fir Tokio ka packen.

LINK: All d’Resultater um Site vun der FLA

Back to Top
CIM LOGO