Lëtzebuerger Futtballer am AuslandOngléckleche Match vum Barreiro bei Néierlag géint Bayern
Fir de Lëtzebuerger Nationalspiller war de Match géint Bayern München op sengem Gebuertsdag e Gefillschaos.
An der däitscher Bundesliga huet den Aarbechtsdag vum
Leandro Barreiro immens gutt ugefaangen. Net nëmmen dass de Lëtzebuerger um Sonndeg säin 21. Gebuertsdag gefeiert huet, mä och, dass Mainz no enger immens couragéierter Leeschtung an der Paus zu München mat 2:0 a Féierung louch. Nom Säitewiessel sollt sech d’Blat dunn awer dréinen. Bayern ass ëmmer méi staark ginn a gewënnt um Enn mat 5:2. De Barreiro, dee vun Ufank un um Terrain stoung, hat tëschenzäitlech e Selbstgol geschoss, deen awer nom Agräife vum VAR net gezielt huet. Kuerz drop ass de Lëtzebuerger e bëssen ze iwwermotivéiert géint de Gnabry am Stroofraum an den Zweekampf gaangen, wouduerch Bayern een Eelefmeter zougesprach krut. Mainz an och de Barreiro kënnen awer op eng gutt 1. Hallschent opbauen.
De komplette Resumé vum Match kënnt dir hei liesen.
A Griicheland huet Kreta mam
Vahid Selimovic 1:2 géint Panetolikos de Kierzere gezunn. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung 90 Minutten um Terrain.
Den Eric Veiga ass bei 1:1-Gläich vum Vilafranquense géint Varzim an der 2. Liga a Portugal net zum Asaz komm.
Samschdeg
An der 2. Bundesliga ass et fir Karlsruhe eng 4:2-Victoire zu Würzburg ginn. Den Dirk Carlson, dee fir déi éischte Kéier dës Saison an der Starteelef stoung, huet schonn no e puer Sekonnen déi éischt Giel Kaart gesinn an ass an der zweeter Hallschent mat der zweeter Kaart vum Terrain geflunn. Domat feelt hien dem KSC am nächste Match géint Greuter Fürth.
Duerch déi 3 Punkten ass Karlsruhe an der Tabell op déi 8. Plaz no vir geréckelt.