Internationale FuttballBarcelona a Juventus Turin gewannen, Chelsea verléiert géint City

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems ka sech Bayern géint Mainz behaapten an Atletico Madrid kann eng weider Victoire feieren. Leicester klappt Newcastle.
© AFP

An Däitschland goufen iwwerdeems um Sonndeg den Owend 1/8-Finallen vum DFB Pokal ausgeloust.

Bundesliga

Borussia Dortmund - VFL Wolfsburg 2:0
1:0 Akanji (66'), 2:0 Sancho (90+2')

Dortmund huet sech och am 4. Match ënnert hirem neien Trainer Edin Terzic schwéier gedoen. Wolfsburg stoung kompakt an hat virun allem am Ufank vum Match duerch de Gerhardt an der 6. Minutt an engem Distanzschoss vum Arnold 2 gutt Chancen. Virun der Paus ass de BVB awer besser an de Match komm, mä de Reus sollt kuerz virun der Hallschent um Casteels hänke bleiwen. Nom Säitewiessel hat d’Lokalekipp méi Ballbesëtz an esou war et den Akanji, deen an der 66. Minutt no engem Corner de Ball an de Filet geschrauft huet. Ouni wierklech gudde Futtball ze weisen, huet Dortmund de Virsprong iwwert Zäit bruecht a kuerz viru Schluss mam Sancho an der 92. Minutt fir 2:0 d’Schlussresultat gesuergt.

Bayern München - Mainz 5:2
0:1 Burkhard (32'), 0:2 Hack (44'), 1:2 Kimmich (50'), 2:2 Sane (55'), 3:2 Süle (70'), 4:2 Lewandowski (76'), 5:2 Lewandowski (83')

Verréckte Match zu München. Mainz, bei deenen de Leandro Barreiro op sengem 21. Gebuertsdag vun Ufank un um Terrain stoung, huet vun der 1. Minutt un eng immens couragéiert Leeschtung gewisen a Bayern méi wei eng Kéier un d’Wackele bruecht. Ass de Burkhardt an der 5. Minutt nach um Neuer hänke bliwwen, huet et de Stiermer vu Mainz an der 32. Minutt Mainz a Féierung geschoss. Bayern hat wuel déi eng oder aner Chance, mä Goler sollten an der 1. Hallschent d’Gäscht schéissen. No engem Fräistouss huet den Hack an der 44. Minutt den 2:0 fir Mainz kuerz virun der Paus gekäppt.

Och an der 2. Hallschent ass et hin an hier gaangen. Mainz huet ganzer 2 Mol den Aluminium getraff, iwwerdeems Bayern nom Säitewiessel banne 6 Minutten duerch de Kimmich an de Sané de Match ausgeglach hunn. An der 65. Minutt huet de Barreiro de Ball an den eegene Filet gesat. De Gol ass awer duerch de VAR net ugerechent ginn. Den 3:2 fir d’Lokalekipp sollt awer 5 Minutte méi spéit duerch e Distanzschoss vum Süle falen. Nëmme 4 Minutte méi spéit sollt de Lëtzebuerger dunn am Strofraum de Gnabry foulen, wouduerch den Arbitter näischt aneschters iwwreg bliwwen ass, fir op de Punkt ze weisen. De fällegen Eelefmeter huet de Lewandowski äiskal era geschoss. An der 83. Minutt huet de Lewandowski mam 5:2 den Deckel drop gemaach.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Newcastle United - Leicester City 1:2
0:1 Maddison (55'), 0:2 Tielemans (72'), 1:2 Carroll (82')

No 45 Minutten hat Leicester nach kee Schoss op de Gol virzeweisen an huet sech géint eng kompakten Ekipp vu Newcastle schwéier gedoen, gutt offensiv Aktiounen eraus ze spillen. Nom Téi sollte Vardy a Co. awer eng besser Leeschtung weisen a kënnen duerch Goler vu Maddison a Tielemans 3 wichteg Punkten afänken. De Uschlossgol vum agewiesselte Carroll sollt fir Newcastle ze spéit falen.

Chelsea London - Manchester City 1:3
0:1 Gündogan (18'), 0:2 Foden (21'), 0:3 De Bruyne (34'), 1:3 Hudson Odoi (90+2')

Bannen 3 Minutten huet Manchester City Chelsa de Stempel opgedréckt an duerch den de Bruyne an der 34. Minutt fir d’Virentscheedung gesuergt. City war méi aktiv, hat déi besser Chancen an huet Chelsea an deenen éischte 45 Minutte keng Chance gelooss. De Zinchenko hätt de Score souguer nach op 4:0 kéinten erop schrauwen, den Ukrainer huet de Ball awer iwwert de Gol gekäppt. No der Paus war Chelsea beméit an ass a Persoun vum Kovavic och mol geféierlech virum Gol vu City opgetaucht. Chelsea ass just nach de Uschlossgol an der Nospillzäit gelongen, sou dass d’Blues weider hiren eegenen Uspréch hannendrun hänken.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Inter Mailand - Crotone 6:2
0:1 Zanellato (12'), 1:1 Martinez (20'), 2:1 Marrone (Selbstgol, 31'), 2:2 Golemic (36'), 3:2 Martinez (57'), 4:2 Lukaku (64'), 5:2 Martinez (78'), 6:2 Hakimi (87')

Inter Mailand huet dem Tabelleleschten trotz engem fréien 0:1 Réckstand keng Chance gelooss a ka sech ënnert anerem duerch 3 Goler vum Martinez mat 36 Punkten op déi 2. Plaz an der Tabell schéissen.

Atalanta Bergamo- Sassuolo Calcio 5:1
1:0 Zapata (11'), 2:0 Pessina (45'), 3:0 Zapata (49'), 4:0 Gosens (57'), 5:0 Muriel (68'), 5:1 Chiriches (75')

Atalanta Bergamo kënnt ëmmer besser a Form a ka sech duerch eng méi wéi verdéngte 5:1-Victoire géint Sassuolo erëm berechtegt Hoffnungen op Top 4 maachen. Mat engem Match manner steet Bergamo an der Tabell nëmmen nach 1 Punkt hannert Sassuolo.

Benevento Calcio - AC Mailand 0:2
0:1 Kessie (15'), 0:2 Leao (49')

Obwuel den AC no 34. Minutten no der rouder Kaart vum Tonali de Match mat engem Mann manner spille misst, hu sech d’Gäscht duerch een Eelefmeter vum Kessie a duerch de Leao 3 Punkte géint Benevento konnten afänken. Den AC Mailand ass no dëser Victoire erëm 1. an der Tabell, dat mat 1 Punkt Virsprong virun Inter Mailand.

Juventus Turin - Udinese 4:1
1:0 Ronaldo (31'), 2:0 Chiesa (49'), 3:0 Ronaldo (70'), 3:1 Zeegelaar (90'), 4:1 Dybala (90+3')

Och géint Udine huet de Ronaldo mat 2 Goler säi Stempel dem Match konnten opdrécken. An der Paus stoung et awer just 1:0 fir Turiner. Nom Téi huet Juve dunn méi engagéiert opgespillt an duerch de Chiresa a de Ronaldo de Match fréizäiteg entscheet. D’Gäscht haten allerdéngs gläich zwee Mol Pech, hunn de Larsen a Zeegelaar alle béid just d’Aluminium getraff. Juventus Turin bleift no dëser Victoire un de Top 4 drun.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

La Liga

Deportivo Alaves - Atletico Madrid 1:2
0:1 Llorente (41'), 1:1 Felipe (Selbstgol, 84'), 1:2 Suarez (90')

De Favorit aus Madrid ass senger Favoritteroll an der 1. Hallschent méi wéi gerecht ginn. Vun Alaves ass an der Offensiv esou gutt wéi näischt komm, an esou war et de Llorente, dee kuerz virun der Paus de verdéngte Gol fir Atletico markéiere konnt. An der 63. Minutt krut de Laguarida vun Alaves déi Rout Kaart gewisen. An Ënnerzuel ass der Lokalekipp dunn iwwerraschenderweis an der 84. Minutt duerch e Selbstgol vum Felipe den Ausgläich gelongen. D’Basken hunn an de Schluss Minutten du souguer op d’Victoire gespillt, éier de Suarez an der 90. Minutt den entscheede Gol fir de Leader vun der La Liga markéiert huet.

Real Sociedad - CA Osasuna 1:1
0:1 Calleri (20'), 1:1 Barrenetxea Muguruza (46')

SD Huesca - FC Barcelona 0:1
0:1 de Jong (27')

Barcelona huet wuel gewonnen, iwwerzeegend gespillt hunn d’Katalane géint de Tabelle Leschten Huesca awer net. E Gol vum de Jong an der 27. Minutt ass der Ekipp vum Ronald Koeman um Sonndeg den Owend awer duergaangen, fir déi 3 Punkte mat op Barcelona ze huelen. De Miralem Pjanic ass an der 75. Minutt fir de Sergio Busquets agewiesselt ginn.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO