Liichtathletik-WMOut fir de Charel Grethen an den Halleffinallen

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger konnt sech iwwer 1.500 Meter net direkt fir d'Finall qualifizéieren.
© AFP

Op der Liichtathletik-WM zu Budapest an Ungarn huet et de Charel Grethen um Sonndeg Owend knapp net gepackt, sech fir d’Finall iwwer 1.500 Meter ze qualifizéieren.

A senger 2. Halleffinall ass hie mat enger Zäit vun 3 Minutten 36 Sekonnen an 18 Honnertstel op der 7. Plaz ukomm. Hien ass ënnert senger Saison-Beschtleeschtung bliwwen, déi hien an de Serië gelaf war. Déi éischt 6 aus all Halleffinall hu sech fir d’Finall qualifizéiert.

Patrizia Van der Weken verpasst d’Halleffinallen iwwer 100 Meter

Méi fréi um Sonndeg Mëtteg hat d’Patrizia Van der Weken d’Halleffinallen iwwer 100 Meter verpasst. D’Lëtzebuergerin ass an hirer Serie mat enger Zäit vun 11,38 Sekonnen déi 4. ginn. Nëmmen déi éischt dräi Athletinnen hu sech direkt fir déi nächst Ronn qualifizéiert, ma och iwwert d’Zäit ass de Chrono vum Van der Weken net duergaangen.

D’Patrizia Van der Weken ass net un hir séiersten Zäiten aus dëser Saison erukomm. Hire Lëtzebuerger Rekord steet bei 11,02 Sekonnen.

Back to Top
CIM LOGO