
E Samschdeg de Moien huet zu Budapest an Ungarn d’Weltmeeschterschaft an der Liichtathletik ugefaangen.
Fir d’Lëtzebuerger Delegatioun gouf et kee gudde Start. De Bob Bertemes huet d’Finall am Bommstousse verpasst. Dem Lëtzebuerger ass an der Qualifikatioun kee gëltege Versuch gegléckt.
De Bob Bertemes huet dës Saison d’Bomm schonn 21,21 Meter wäit gestouss, dat wier gutt duergaange fir d’Finall. 20,72 Meter hunn et misse sinn, fir ënnert déi 12 Finalisten ze kommen.
Iwwer 1500 Meter bei de Frae koum d’Vera Hoffmann e Samschdeg an hirer Serie op déi 12. vu 14 Plazen a verpasst domat de Sprong an d’Halleffinall.
D’Lëtzebuergerin ass mat enger Zäit vu 4 Minutten, 9 Sekonnen a 76 Honnertstel knapp 3 Sekonnen iwwert hirem nationale Rekord bliwwen. Bei dëser WM kann ee sech just nach iwwert d’Plazéierung am jeeweilege Laf fir déi nächste Ronn qualifizéieren.
De COSL-Elite-Sportler ass um Samschdeg den Owend eng ganz gutt Course gelaf. Laang Zäit louch hien op der 2. Plaz, um Enn klasséiert hie sech a sengem Laf op der 4. Plaz vu 14 Athlete mat enger Zäit vun 3 Minutten, 34 Sekonnen an 32 Honnertstel. Domat steet de Lëtzebuerger an der 1/2-Finall a leeft seng beschten Zäit an dëser Saison.
Deemno e verséinlechen Ofschloss fir d’Lëtzebuerger Delegatioun um 1. Dag vun der Liichtathletik-WM zu Budapest.
D’Halleffinallen iwwer 1500 Meter sinn e Sonndeg um 17.35 Auer. E Sonndeg de Mëtteg um 12.10 Auer ass schonn d’Patrizia Van der Weken an de Virleef iwwer 100 Meter am Asaz.