ITF-Tournoi a SpuenienOut fir d'Mandy Minella an der 1/4-Finall

RTL Lëtzebuerg
D'Mandy Minella huet zu La Bisbal d'Emporda a Spuenien e Freideg an zwee Sätz géint d'Paula Badosa Gibert verluer.
© Archiv

Beim ITF-Tournoi zu La Bisbal d'Emporda a Spuenien huet d'Mandy Minella e Freideg an der Véierelsfinall mat 3:6 a 4:6 géint d'Spuenierin Paula Badosa Gibert verluer.

D'Mandy Minella war beim Tournoi, dee mat 15.000 US-Dollar dotéiert ass, op 1 gesat.

D'Spuenierin steet an der Weltranglëscht op Plaz 135, d'Lëtzebuergerin ass d'Nummer 99.

Back to Top
CIM LOGO