
Am Grupp D huet sech d’Ekipp vum Lëtzebuerger Anthony Moris duerch en 2:0-Succès zu Malmö fir d’Aachtelsfinalle qualifizéiert. Am selwechte Grupp huet Union Berlin 1:0 géint Braga gewonnen. An der Tabell hunn déi Däitsch virum leschte Match 2 Punkte Virsprong op Braga an domadder eng gutt Ausgangspositioun op de nächsten Tour.
PSV Eindhoven huet et och an déi nächst Ronn gepackt. Am Philips-Stadion hu sech d’Hollänner duerch Goler vu Veerman an de Jong mat 2:0 géint Arsenal behaapt. Arsenal hat sech virum Match scho fir de nächsten Tour qualifizéiert. Am leschte Match hu béid Ekippen nach d’Chance op déi 1. Plaz an der Tabell.
Duerch e kloren 3:0-Succès géint Sheriff Tiraspol huet et Manchester United och an d’K.o.-Phas gepackt. D’Goler fir d’Red Devils hunn den Dalot, de Rashford an de Cristiano Ronaldo markéiert. Mat 12 Punkte läit Manchester United awer just op der 2. Plaz hannert Real Sociedad, déi de Maximum vu 15 Punkten hunn.
Am Grupp G ass Freiburg duerch e spéide Gol beim 1:1-Remis géint Olympiakos Piräus sécher fir d’Aachtelsfinalle qualifizéiert. D’AS Roum huet am Grupp C nach Chancen op déi zweet Plaz, well d’Italieener mat 2:1 zu Helsinki gewonnen hunn a Ludogorez doheem 0:1 géint Betis Sevilla verluer huet. Béid Ekippen hu 7 Punkten an der Tabell.