
95 Punkten an engem Match... Dat gesäit een och net an der NFL all Dag. Esou war et dann dëse Weekend tëscht de Rams an de Buccaneers, wou béid Ekippe mat offenem Viséier gespillt hunn an alles no Vir gehäit hunn, wat se haten. D'Bucs konnte mat 7:0 am éischte Quarter a Féierung goen, an der Paus stoung et dunn 28:17. No engem 3:3 am drëtte Véierel ass et dunn de leschte Minutte richteg lassgaangen. Eleng 44 Punkte sinn an dëse 15 Minutte markéiert ginn, dovunner 24 fir d'Gäscht aus Tampa an 20 fir d'Ekipp aus Los Angeles. Esou kënnen d'Bucs sech dono bei engem Shootout zu Los Angeles mat 55 op 40 duerchsetzen. Fir d'Rams ass et déi éischt Néierlag an dëser Saison.
Browns hate bei de Ravens sech vill ze beweisen. Hei ass et ëm déi aktuell Virherrschaft an der AFC North gaangen. D'Ekipp an Orange, Schwaarz a Wäiss ass dann och besser an de Match komm. 7:0 nom éischte Quarter, 10:7 an der Paus. Den Ecart konnte si dunn am drëtte Véierel maachen, wou si mat zwee Touchdowns konnte brilléieren a just 3 Punkten zougelooss hunn. Am leschte Véierel wollten d'Ravens nach eng Kéier zeréckkommen, hu 15 Punkte markéiert, ma d'Browns konnte 16 Punkte dogéint maachen. Esou wanne si dëse Match mat 40:20.
Et war wuel ee vun de schlechtste Matcher vum Tom Brady an de leschte Joren. Just 18 vun 39 Bäll koumen un, hie konnt just 150 Yards Passen, dobäi koum awer kee Touchdown, dofir awer eng Interception eraus. Déi zwee Quarterbacks vun de Bills hunn dann net vill besser gespillt, och si hu 4 Mol de Ball op e Spiller vun der falscher Ekipp gehäit. Vun hire 16 Punkten, hunn d'Patriots der 13 am éischte Véierel an der 3 am Drëtte gemaach. D'Bills konnten 3 Punkten am zweeten a 7 am drëtte Quarter maachen. Esou ass dëse Match 16:10 fir d'Patriots ausgaangen.
Nach manner Punkte gouf gouf et tëscht de Saints an de Cowboys. Obwuel hei d'Statistike vun de Quarterbacks besser waren, wéi am Bills-Patriots-Match, hu si de Ball seelen an d'Endzone bruecht. 12 Punkten hunn d'Saints, déi all duerch e Field Goal, op d'Board bruecht, d'Cowboys konnten den eenzegen Touchdown am Match markéieren, awer donieft hate si vill Problemer mat der Defense vun der Ekipp aus New Orleans. Esou wannen d'Saints knapp a mat Chance 12:10 géint d'Cowboys.
Aktuell ginn et an der NFL nach 3 Ekippen, déi nach kee Match verluer hunn. Dës sinn d'Patriots an d'Chiefs, déi bei 4:0 stinn, an d'49ers, déi dës Woch hir bye-week haten, also net hu misste spillen. Si stinn nach bei 3:0.
Eagles - Packers 34:27
Titans - Falcons 24:10
Redskins - Giants 3:24
Chargers - Dolphins 30:10
Raiders - Colts 31:24
Panthers - Texans 16:10
Jaguars - Broncos 26:24
Chiefs - Lions 34:30
Browns - Ravens 40:25
Patriots - Bills 16:10
Buccaneers - Rams 55:40
Seahawks - Cardinals 27:10
Vikings - Bears 6:16
Cowboys - Saints 10:12
E Méindeg den Owend treffen dann nach d'Bengals op d'Steelers. Béid Ekippe konnten dës Saison nach kee Match gewannen.