JPEEReen mécht den Tennisspiller d'Liewe schwéier

RTL Lëtzebuerg
An der Liichtathletik sinn d'Aarbechten am Stadion nach net fäerdeg, sou datt d'Kompetitiounen ëm 1 Dag no hanne verréckelt goufen.

D'Tennis-Kompetitioune sollen dobausse stattfannen. D'Wieder spillt do aktuell awer net esou richteg mat, well et reent an och fir déi nächst Deeg ass kaum Besserung a Siicht.

Fir d'Lëtzebuerger Tennisspiller ass d'Situatioun den Ament alles anescht wéi optimal, well duerch de Reen kënne si och net richteg trainéieren. Et gi keng Méiglechkeete fir iergendwou ënnerdaach ze spillen an och ee Fitnessraum gëtt et net.

E Méindeg am Nomëtteg gëtt et ee Meeting mat deene Responsabele vum Tennis an da wäert ee gesi wéi et weider geet, sou de Gilles Muller.

Extrait Gilles Muller

An der Liichtathletik ass d'Situatioun och net optimal. Hei mussen um Méindeg nach Aarbechte gemaach ginn. Beispillsweis ass d'Anlag vum Wäitsprong nach net fäerdeg. Stafhéichsprong ass aktuell och net méiglech am Stadion. D'Pist, déi ass eréischt virun e puer Deeg geluecht an ass net an engem perfekten Zoustand, sou datt een dovunner ausgoe kann, datt keng séier Zäiten hei wäerte méiglech sinn.

Wéinst dëse Problemer goufen d'Kompetitioune vun en Dënschdeg op e Mëttwoch verréckelt.

Back to Top
CIM LOGO