Lëtzebuerger Futtballer am AuslandRemis fir de Mica Pinto mat Sparta Rotterdam

RTL Lëtzebuerg
Jans a Veiga hu missen 90 Minutten op der Bank Plaz huelen. Iwwerdeems huet de Marvin Martins mat Casa Pia 1:1-Gläich géint Leixoes gespillt.
© PRESSPHOTO (ARCHIV)

An der hollännescher 1. Liga stoung de Mica Pinto bei Sparta Rotterdam de ganze Match iwwer um Terrain. Nodeems Den Haag kuerz virun der Paus a Féierung gaangen ass, huet de Kharchouch an der 68. Minutt fir Rotterdam den 1:1-Remis geschoss. Dëst sollt och d’Schlussresultat sinn.

An der 2. Liga a Portugal war um Sonndeg den Owend Casa Pia am Asaz. D’Ekipp vum Marvin Martins huet sech missen no 90. Minutten d’Punkte mat Leixoes deelen. Beim 1:1-Gläich stoung de Lëtzebuerger déi ganzen Zäit um Terrain.

De Christopher Martins ass e Sonndeg net zum Asaz komm, dat well de Spiller vun de Young Boys Bern aktuell wéinst enger Verletzung senger Ekipp net zur Verfügung steet. Mee och ouni de Christopher Martins ass et an der Schwäizer Liga ronn gelaf, an esou ka sech Bern doheem mat 2:1 géint Sion duerchsetzen a bleift domat weider 1. an der Tabell.

An der 2. däitscher Bundesliga huet Karlsruhe eng 2:1-Victoire zu Bochum konnte feieren. Ouni de verletzten Dirk Carlson, deen aktuell wéinst engem Ermiddungsbroch ausfält, huet de Gondorf an der 84. Minutt den entscheedende Gol fir Karlsruhe geschoss.

De Laurent Jans soutz an der 1. Belscher Liga bei der 1:3-Néierlag vu Léck géint Brügge de ganze Match iwwer op der Bänk. Brügge bleift domat 1. an der Tabell a Leck ass aktuell 4..

Beim 2:2-Gläichspill vu Vilafranquense géint déi 2. Ekipp vu Benfica Lissabon huet de Lëtzebuerger Eric Veiga an der 2. Liga a Portugal missen déi 90 Minutte vun der Bänk aus nokucken.

A Griicheland gouf de Vahid Selimovic bei der 0:2-Néierlag vu senger Ekipp Kreta géint den AEK Athen och net agesat.

Samschdeg

De Vincent Thill war e Samschdeg am Nomëtteg am portugisesche Championnat mat Nacional Funchal am Asaz. No 90 Minutte gouf et eng 2:1-Victoire géint den FC Famalicao. De Lëtzebuerger Futtball-Nationalspiller stoung an der Startformatioun an huet den 1:1 vum Rochez an der 53. Minutt preparéiert. An der 85. Minutt gouf hien ausgewiesselt. An der Tabell steet National Funchal am Mëttelfeld an huet 17 Punkten um Konto.

Aus der 3. Liga war et e Samschdeg den Owend d’Nouvelle, datt de Jeff Saibene net méi Trainer beim 1. FC Kaiserslautern ass. No der 0:1 Néierlag géint den SV Wehen Wiesbaden hunn déi Responsabel de Lëtzebuerger erausgehäit.

Back to Top
CIM LOGO