Halleffinall-Playoffe vun der Dammefuttball-EMRout Léiwinnen treffen am Oktober op Schweden

RTL Lëtzebuerg
E Freideg war zu Nyon an der Schwäiz den Tirage vun den Halleffinalle vun de Playoffe fir d'Futtball-Europameeschterschaft vun den Dammen.

Lëtzebuergerinne mussen am Oktober zweemol géint Schweden untrieden. Am Fall vun engem Weiderkommen, géif een eng Finall géint Bosnien-Herzegowina oder Serbien spillen. D’Schwedinnen hunn op de leschten Olympesche Spiller zu Tokio, d’Sëlwermedail gewonnen. D’EM ass an der Schwäiz.

Back to Top
CIM LOGO