SchwammenStacchiotti mat souveräner Victoire

RTL Lëtzebuerg
De Bob Sauber koum mat sengen eréischt 17 Joer an d'Finall vun 200 Meter Crawl bei den German Open a gouf do de 5.
© FLNS

Bei den German Open zu Essen konnt de Raphael Stacchiotti iwwer 200 Meter 4 nages souverän d'Goldmedail an enger Zäit vun 2 Minutten 4 Sekonnen a 50 Honnertstel gewannen.

An enger Zäit vun 1 Minutt 59 Sekonnen a 56 Honnertstel koum de 17 Joer jonken Bob Sauber an der Finall iwwer 200 Meter Crawl op déi 5. Plaz.

An der Finall vun de Junioren vun de Meedecher huet d'Lou Jaminet iwwer 200 Meter Crawl mat 2 Minutten 9 Sekonnen a 17 Honnertstel eng nei perséinlech Beschtzäit opgestallt. An och iwwer 800 Meter Crawl konnt déi jonk Schwëmmerin an 9 Minutten 14 Sekonnen an 23 Honnertstel eng nei perséinlech Beschtzäit opstellen.

© FLNS

Och bei de Männer konnt de Jacques Schmitz an 8 Minutten 34 Sekonnen an 81 Honnertstel iwwer 800 Meter Crawl eng nei perséinlech Beschtzäit opstellen.

Fir den Ofschloss ass de Yann Van den Bossche iwwer 50 Meter Broscht an 30,23 Sekonnen op déi 7. Plaz geschwommen.

Back to Top
CIM LOGO