Futtball-WM vun den DammenSüdafrika op Käschte vun Italien weider, Jamaika eliminéiert Brasilien

RTL Lëtzebuerg
Véier Matcher waren e Mëttwoch um Programm, dat all Kéiers zwee an de Gruppe G an F.
© AFP

Am Grupp G konnten d’Schwedinne mat enger Victoire géint Argentinien sans faute a mat 9 Punkte sécher als Éischten an déi nächste Ronn anzéien. Laang hu sech d’Favoritinnen awer schwéier gedoen, bis d’Blomqvist si no 66 Minutten erléist huet. An der 90. Minutt huet d’Rubensson dunn den Deckel drop gemaach.

An der zweeter Partie hu sech Südafrika, déi just 1 Punkt bis ewell haten, an Italien, déi der 3 konnte Sammelen, am direkten Duell ëm déi aner Plaz an der Aachtelsfinall gestridden. No 11 Minutte waren d’Italienerinnen a Féierung gaangen ma no enger knapper hallwer Stonn huet e Selbstgol vum Orsi d’Afrikanerinnen nees an de Match bruecht. No eppes iwwer enger Stonn huet Südafrika de Match dann nach gedréint, ma dee Virsprong sollt just 7 Minutten halen. An der Nospillzäit dunn huet Kgatlana den entscheedende Gol fir Südafrika markéiert, déi domadder weider sinn an Italien eliminéiere konnten.

Am Grupp F gouf et en 0:0 tëscht Jamaika a Brasilien. D’Jamaikanerinnen hunn domadder 5 Punkten an ee méi wéi d’Brasilianerinnen a sinn esou als Zweet an der Grupp weider. Déi éischte Plaz geet u Frankräich, déi 7 Punkten an dëser Gruppephas konnten huelen. Si hu sech kloer mat 6:3 géint Panama behaapt, nodeem se aus engem 0:1-Réckstand no zwou Minutten e 4:1-Avantage bis zur Paus gemaach haten. Panama koum nach eng Kéier op 3:5 zeréck, krut awer an der Nospillzäit nach e Gol geschoss.

D’Resultater am Iwwerbléck

Argentinien - Schweden 0:2
0:1 Blomqvist (66'), 0:2 Rubensson (90')

Südafrika - Italien 3:2
0:1 Caruso (11',p), 1:1 Orsi (32',sg), 2:1 Magaia (67'), 2:2 Caruso (74'), 3:2 Kgatlana (90'+2)

Jamaika - Brasilien 0:0

Panama - Frankräich 3:6
1:0 Cox (2'), 1:1 Lakrar (21'), 1:2 Diani (28'), 1:3 Diani (37',p), 1:4 Le Garrec (45'+5), 1:5 Diani (52',p), 2:5 Pinzon (64',p), 3:5 Cedeno (87'), 3:6 Bécho Desbonne (90'+10)

Back to Top
CIM LOGO