
Dat, nodeems staatlechen organiséierten Dopping konnt nogewise ginn.
Den Tribunal Arbitral du Sport zu Lausanne huet dës Strof awer elo op 2 Joer erofgesat a keng kollektiv Spär fir russesch Sportler ausgeschwat. Konkret heescht dat, dass déi russesch Sportler, deene keen Dopping nogewise ka ginn, un den Olympesche Summerspiller dat nächste Joer an un de Wanterspiller dat Joer drop dierfen deelhuelen. Allerdéngs als neutral Sportler an net ënner russeschem Fändel.
Dat Urteel huet fir vill Diskussioune gesuergt. De Maître Marc Theisen war fir den europäeschen olympesche Comité bei de Verhandlungen dobäi. Hie seet, dass een dat Urteel aus engem renge juristesche Standpunkt misst gesinn, woubäi ee sech dann enger gewëssener Kritik exposéiert. Fir de fréiere President vum COSL ass d’Urteel vum TAS awer méi gerecht wéi dat vun der Wada.
Bei der Wada war dat aus enger ganzer Partie vun Ursaachen, well d’Prozeduren dat net virgesinn, net de Fall. Dat war eng vun den Ursaachen, firwat den europäeschen olympesche Comité mat an dësem Prozess dobäi war, fir sech anzesetzen, dass allgemeng gëlteg Rechtsprinzippie agehale ginn. Do kann ee soen: Dat ass effektiv de Fall gewiescht an et kann een an deem Sënn soen, dass dëst Urteel eng gewësse Gerechtegkeet no bausse gëtt.