
Am Alter vun 80 Joer ass de Terry Venables no laanger Krankheet um Samschdeg friddlech gestuerwen. Des Noriicht huet déi brittesch Norichtenagentur PA aus enger Matdeelung vun der “League Managers Association” am Numm vun der Famill verëffentlecht.
Bei der Europameeschterschaft 1996 an England war hien Trainer vun den Three Lions. Donieft war hien och Trainer vun ënnert anerem Tottenham Hotspur an dem FC Barcelona.